Am Dialog zu Munneref

An der Serie vun Diskussiounsowenter mat der DP uechter d’Land hat den Ostbezierk en Dënschdeg, de 27. Oktober 2026 an d’Bierger- a Kulturhaus op Munneref invitéiert. De Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, de Wirtschaftsminister Lex Delles, d’Parteipresidentin an Députée-maire Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger Ried an Äntwert. Den Hugo Da Costa vun de Jonken Demokraten huet den Owend moderéiert.

D’Suergen eescht huelen, nolauschteren an Äntwerte ginn. Fir de Xavier Bettel ass den Austausch mat de Biergerinnen a Bierger onverzichtbar, besonnesch an Zäiten, an deenen extrem politesch Tendenzen zouhuelen.

„Mir mussen net duerch d’Kraaft vum Stäerksten iwwerzeegen, mee duerch d’Kraaft vun den Argumenter. An dat wäert ëmmer eist Leitmotiv bleiwen: ze respektéieren, wann dir eng aner Meenung hutt, mee och ze probéieren, iech z’iwwerzeegen.“ – Xavier Bettel

Kafkraaft sécheren, Onofhängegkeet stäerken

De Lex Delles huet d’Tripartite als Stäerkt vum Lëtzebuerger Modell ervirgehuewen. Regierung, Patronat a Gewerkschafte géifen zesumme Léisunge sichen, fir d’Stéit an d’Betriber duerch schwiereg Zäiten ze begleeden. D’Hëllefe bei den Energiekäschte sollten d’Präisdeierecht offiederen an d’Kafkraaft erhalen. Eleng fir d’Käschte vun de Reseauskäschte géif de Staat dëst Joer 150 Milliounen Euro investéieren.

Gläichzäiteg misst Lëtzebuerg seng Ofhängegkeet vu fossillen Energië reduzéieren. Den Ausbau vu Photovoltaik, Wand- a Waasserkraaft, besser vernetzt europäesch Stroumreseauen a Späicherméiglechkeete géifen et dem Land erlaben, d’Energieversuergung méi onofhängeg ze geréieren. D’Leit missten och d’Méiglechkeet kréien, un der Energietransitioun deelzehuelen. Mesuren, wéi d’Virfinanzéierung vun Hëllefen, sollten dofir suergen, dass dat net vum Portmonni ofhänkt.

Fir de Lex Delles spillen déi kleng a mëttelstänneg Betriber eng zentral Roll fir d’Aarbechtsplazen an d’Innovatioun. Lëtzebuerg misst den Entreprisen e verlässleche Kader bidden an hinnen hëllefen, hir Stäerkte konsequent weiderz’entwéckelen. Als Beispiller huet de Wirtschafts- an Energieminister de Space Campus mat Testinfrastrukturen an engem Incubateur fir jonk Entreprisë genannt, awer och dat autonoomt Fueren an d’Investitiounen a Supercomputer.

Eng Fro aus dem Public huet de Manktem u qualifizéierten Aarbechtskräften opgegraff. De Minister huet dräi Prioritéite genannt: Talenter hei am Land ausbilden, d’Fachleit halen a geziilt zousätzlech Kompetenzen unzéien. Dobäi géing et awer bei Wäitem net nëmmen ëm héich spezialiséiert Technologieberuffer goen.

„Den Elektriker ass zu Lëtzebuerg e Métier très en pénurie. De Mecanicien, de Mechatroniker, dat si Metieren, an deene mer vill méi Aarbechtsplazen ze besetzen hunn, wéi mer der selwer ausbilden oder fannen.“ – Lex Delles

Och d’Aarbechtsbedéngunge vun de Betriber koumen zur Sprooch. Op eng Fro iwwer d’Wënzer an déi saisonal Aarbecht huet d’Carole Hartmann fir méi Begleedung a Preventioun duerch d’ITM plädéiert. D’Aarbechtsrecht misst fir all Betrib gëllen. Gläichzäiteg bräichten déi kleng a mëttelstänneg Betriber praktesch Ënnerstëtzung. Méi flexibel Aarbechtszäite sollten am Accord tëscht Salarié a Patron méiglech sinn, ouni datt ee gezwonge gëtt, méi ze schaffen.

Wunnen a Gesondheet méi accessibel maachen

De Gilles Baum iwwerdeems huet déi sozial a wirtschaftlech Prioritéit vum Wunnengsbau ënnerstrach. D’Opkafprogrammer vum Staat géifen hëllefen, Projeten ze realiséieren an de Bestand vu staatleche Wunnengen auszebauen. Donieft géifen Hëllefe fir Keefer, Locatairen an Investisseuren de Marché ënnerstëtzen.

Fir Locatairen huet hien ënner anerem déi gedeelt Agencëkäschten ervirgehuewen, grad ewéi déi op zwee Méint limitéiert Mietgarantie an d’Subvention de loyer. Ze vill Leit géifen déi Hëllefen nach net ufroen. Dofir misst den Zougang méi einfach ginn.

D’Carole Hartmann huet sech fir eng medezinesch Offer ausgeschwat, déi méi séier a méi no bei de Patienten ukënnt. Nieft staarke Spideeler bräicht et méi Plaze fir Diagnostiken a fir bestëmmten Therapien an Dokteschpraxissen an an ambulante Strukturen. Dat wier och an zemol fir d’Stied an d’Dierfer am Oste vum Land wichteg. Méi dezentral Offere sollten d’Weeër an d’Waardezäite verkierzen.

Méi Fräiheet a méi Ënnerstëtzung fir d’Familljen

Déi eenheetlech Steierklass, déi den 1. Januar 2028 agefouert gëtt, ass fir d’Carole Hartmann virun allem eng Fro vu Gerechtegkeet a vu perséinlecher Fräiheet. D’Besteierung sollt sech net méi nom Familljestand riichten. Ob bestuet, eleng oder no engem Schicksalsschlag: All Mënsch sollt no de selwechte Reegele behandelt ginn an de progressive Steierbarème géif bäibehale ginn.

D’Steierreform géif dobäi mat enger méi staarker Ënnerstëtzung fir d’Famillje verknäppt. Och Kanner aus Stéit, déi keng Akommessteier bezuelen, misste vun der Familljepolitik profitéieren. D’Erhéijung vum Kannergeld, zousätzlech Hëllefe fir Famillje mat klengem Portmonni an d’Reform vun de Chèques-services géife sech ergänzen. 

„Et soll een de Mënsch net steierlech urteele par rapport zu senger Liewenssituatioun. Genee esou soll d’Ënnerstëtzung fir Kanner och wierklech iwwerall ukommen. Dofir soe mir als DP, dass Steierpolitik a Familljepolitik getrennt vunenee solle sinn.“ – Carole Hartmann

De Gilles Baum huet an deem Kontext den Aktiounsplang géint d’Aarmut a fir d’Vereinfachung vun de Sozialleeschtungen ervirgehuewen. Mam Zesummeféiere vun deenen Hëllefe soll eng eenzeg Demande duergoen, an d’Ënnerstëtzung soll weiderlafen, esoulaang d’Konditiounen erfëllt sinn.

„D’Hëllef muss do ukommen, wou se gebraucht gëtt. E Beispill: nëmme 27% vun de Leit, déi d’Subvention Loyer zegutt hätten, froen se och wierklech un.“ – Gilles Baum

Solidaritéit iwwer d’Grenzen eraus

Op eng Fro iwwer de Krich an der Ukrain huet de Xavier Bettel kloergestallt, datt wirtschaftlech Schwieregkeeten net zu manner Solidaritéit dierfte féieren. Dobäi huet hien d’Lëtzebuerger Geschicht als Beispill geholl.

„Ech wëll just drun erënneren, dass mer e Kierfecht mat 3 .000 jonke Leit zu Hamm hunn, déi fir meng Fräiheet gestuerwe sinn. Et muss een net Noper sinn, fir fir d’Rechtssécherheet ze kämpfen. E klengt Land wéi Lëtzebuerg kann nëmme bestoen, wann dat internationaalt Recht respektéiert gëtt.“ – Xavier Bettel

Gläichzäiteg huet de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie d’Wichtegkeet vum Dialog betount. Hie géif all diplomatesch Initiativ begréissen, déi e Waffestëllstand an e Fridde méi no bréngt. Dobäi géing et virun allem ëm d’Mënschen an der Ukrain an ëm hir Chance, a Fräiheet an a Sécherheet ze liewen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...