Am Spotlight: Monique Smit-Thijs

Mat de Leit, fir d’Leit

Zanter Ufank Mäerz ass d’Monique Smit-Thijs Nofollgerin vum Frank Colabianchi als Buergermeeschter vu Bartreng.

D’Monique ass 1984 op Lëtzebuerg komm, fir d’éischt an d’Stad an zwee Joer dono op Bartreng.

D’Monique Smit-Thijs huet sech iwwer d’Veräiner, d’Elterevertriedung an d’Sparta séier zu Bartreng agelieft. Hir zwee Meedercher sinn doheem an eng ëffentlech Schoul gaangen an net an eng Privatschoul. E bewosste Choix fir sech z’integréieren, ënnersträicht déi nei Buergermeeschtesch, déi amgaangen ass, d’Lëtzebuerger Nationalitéit unzefroen.

Politik ass kee Selbstzweck

An et huet och net laang gedauert, bis de Frank Colabianchi si gefrot huet, fir 2005 mat an d’Gemengewalen ze goen. 2009 ass d’Monique fir de Paul Geimer nogeréckelt. 2011 ass si direkt gewielt ginn, grad ewéi 2017 als Zweetgewielten. Nom Récktrëtt vum Frank Colabianchi wor et dunn de Wiessel op de Buergermeeschterstull.

Fir d’Monique Smit-Thijs ass Politik kee Selbstzweck, ma e Mëttel zum Zweck.

„Mir kucke mat de leit, wéi mer d’Liewen an der Gemeng verbessere kënnen.”

Ville Projeten um lafen

D’Dynamik vun enger Gemeng weist sech zemol un hire Projeten. Zu Bartreng ass kierzlech de Centre sportif Niki Bettendorf ageweit ginn. Den Ament gëtt do en neie Service d’Education et d’Accueil ugebaut, wou warscheinlech Enn 2024 bis zu 480 Kanner kënne betreit ginn. Niewendru kënnt deemnächst en neit Gebai mat zousätzleche Butteker.

Am eelsten Deel vu Bartreng, dem Quartier Bureck, sinn eng Epicerie fine am alen –  viru kuerzem renovéierten – Gebai vun der Post, an e Jugendhaus. Lokal Veräiner wäerten deemnächst am Neibau vum Centre Bureck oder am ëmgebauten Duerfhaus eng Plaz fannen.

An der Dippecherstrooss gi mam Fonds du Logement 12 Zweefamilljenhaiser gebaut, 4 Wunneenheeten dovunner gehéieren der Gemeng a kënne mëttelfristeg fir traditionell oder innovativ Wunnforme genotzt ginn. Geplangt sinn do och e grousse Solarpark an nei Gemengenatelieren.

Dobäi kënnt de permanenten Entretien an Ausbau vun den Infrastrukturen an enger Gemeng, déi antëscht ronn 8.600 Awunner huet, a weider wiisst. Méi wéi d’Hallschent dovunner sinn Net-Lëtzebuerger an ëmmer méi dovunner schwätzen englesch, deemno passe mir och eis Informatiounspolitik sproochlech un, esou d’Buergermeschtesch.

Gudden Entourage

D’Monique Smit-Thijs fillt sech wuel an hirer neier Roll, dat mierkt een. Si ass serein, frëndlech a kann nolauschteren. Si schwätzt zwar lues, ma mat Iwwerzeegungskraaft an Determinatioun. Si ass gutt entouréiert vun hire Kolleegen am Gemengen- an am Schäfferot, wou si een extra gutt Verhältnis mam Frank Demuyser a mam Youri De Smet huet.

Doheem hält hire Mann hir de Réck fräi. A wann et méi spéit gëtt, dann huet hien ee grousse Virdeel, schmunzelt d’Monique: Hien ass e ganz gudde Kach.

Monique Smit-Thijs
Bartenger Buergermeeschtesch

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...