André Bauler

André Bauler

Norden, Deputéierten

Den André Bauler huet 2009 eng éischte Kéier de Sprong an d’Chamber gepackt. Den Deputéierte setzt sech a senger parlamentarescher Aarbecht besonnesch fir d’Attraktivitéit vum Bezierk Norden an. Och d’Dezentraliséierung vun den ëffentleche Verwaltungen, d’Kultur an den Denkmalschutz leien him um Häerz. De geléierten Ekonomist presidéiert d’Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber a war Rapporter vum Budget 2019.

Suivéiert den André Bauler an de soziale Medien

Coronasteier – eng Geeschterdiskussioun
Wier et fair, genee déi Leit méi ze belaaschten, déi probéiert hunn, fir Léisungen am Interessi vun eiser Gesellschaft ze fannen an dofir e Geschäftsrisiko a Kaf geholl hunn?
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Kaffispaus - Budget 2021

An der neier Kaffispaus diskutéieren de President vun der Finanz- a Budgetskommissioun André Bauler an de President vun der UEL Jean-Paul Olinger iwwer de Budget 2021, Erausfuerderunge fir d’Wirtschaft an d’Betriber, Nohaltegkeet a villes méi!

Kaffispaus - Budget 2021

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Bausecteur: méi Faillitten wärend der Pandemie?
Den Deputéierten André Bauler huet sech bei den zoustännege Ministeren iwwer d’Grënn vun de rezenten Faillitten am Bausecteur informéiert.