„Ären Engagement verdéngt déifste Respekt.“

Den Dënschdeg, 28. Abrëll 2026 haten sech ronn 80 Memberen am Bierger- a Kulturhaus zu Munneref versammelt, fir den DP-Bezierkskongress am Osten ofzehalen.

D’Bezierkspresidentin Claire Sertznig huet an hirer Ried d’Wichtegkeet vun enger liberaler a virun allem demokratescher Politik ervirgehuewen, déi op Wäerter baut ewéi Fräiheet, Respekt a Verantwortung. Politik dierft net mat der Angscht vun de Mënsche schaffen.

An esou Zäiten tendéiert een dacks dozou ze mengen, dass een eleng näischt beweege kann. Mee genee dat stëmmt net. All eenzelnen Engagement vu jidderengem heibannen zielt. All Stëmm, all Iddi, all Diskussioun dréit dozou bäi, dass eis Wäerter gelieft ginn.

Et dierft ee bei de groussen internationale Krisen, déi vill Opmierksamkeet froen, dat, wat beemol kléngt schéngt, net aus den Ae verléieren, sou d’Presidentin. Mir mussen iwwert eis vill gutt Iddie schwätzen, d’Leit informéieren an ëmmer nach den „no bei dir“ liewen. De politeschen Asaz vun deenen, déi Dag fir Dag nieft Beruff a Famill um Terrain matschaffen a Léisunge sichen, géif déifste Respekt verdéngen.

An hire respektive Rieden hunn de Wirtschaftsminister Lex Delles, d’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum vun de groussen Erausfuerderungen op nationalem Plang geschwat. Ënner anerem misst Lëtzebuerg a puncto Energie alles dru setzen, fir méi resilient ze ginn. D’Wichtegkeet vum Sozialdialog gouf ënnerstrach, a beim Logement géif een an der Regierung all Hiewel a Beweegung setzen.

D’Zesummesetzung vum neie Regionalcomité Osten fënnt een hei.

DP Osten Kongress 2026

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Lutte géint d’Iwwerschëldung, déi ugekënnegt Tripartite an an d’Problemer am Schoulwiesen.

weiderliesen...

Lutte géint haislech Gewalt

Den 28. Abrëll 2025 huet de Centre National pour Victimes de Violences (CNVV) seng Diren opgemaach. An den éischten 11 Méint konnt 389 Affer vun haislecher Gewalt do gehollef ginn. Dat sinn 389 Schicksaler, déi ënnersträichen, wéi wichteg dës Ulafplaz ass.

weiderliesen...