Arrêt Maulesmillen: Eng Iddi fir den Tourismus am Summer ze fërderen?

Nodeems d'Aarbechten um PC1 am Norde vum Land deemnächst sollen ufänken, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et net eng Iddi wier, am Summer nees um Arrêt Maulesmillen stoen ze bleiwen, fir den Tourismus an der Géigend ze fërderen.

« Je viens d’apprendre que la première étape de construction de la nouvelle piste cyclable entre Clervaux et Troisvierges sera entamée dans un avenir proche.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • Monsieur le Ministre peut-il informer si le quai de l’ancienne station de Maulusmühle, entièrement renouvelé lors de la modernisation de la ligne ferroviaire du Nord, pourra être maintenu ?
  • En effet, Monsieur le Ministre pourrait-il confirmer que cette station pourrait être desservie, si faire se peut, durant la saison touristique, afin d’être mise au profit des voyageurs les plus divers, en particulier les clients du camping et du musée rural de Binsfeld, les usagers des auto-pédestres et les cyclistes venant de près et de loin ? »

Äntwert

A senger Äntwert schreift de Minister, dass de Quai vum alen Arrêt Maulesmillen wäert am Kader vun den Aarbechten un der PC21 ofgerappt gi fir deem neie Vëloswee Plaz ze maachen. Allerdéngs wier et och onofhängeg dovun net virgesi gewiescht, dësen Arrêt rëm unzefueren, well dëst den Horaire op der Linn 10 ze vill perturbéiere géif.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...