Autorisatioun vu Gigaliner zu Lëtzebuerg fir manner CO2-Ausstouss am Transportsecteur?

Dem Direkter vum Lëtzebuerger Logistikcluster no wiere Camione vu 25 Meter eng Méiglechkeet, d'Emissioune vum Secteur erofzesetzen. Allgemeng géif den Transportsecteur awer riskéieren, d'Klimaziler ze verfeelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob Gigaliner an Zukunft zu Lëtzebuerg erlaabt kéinte ginn a wéi eng Iwwerleeungen et ginn, fir dem Secteur bei der Klimatransitioun ze hëllefen.

« Sougenannt « Eurocombis », Camionen mat enger Luedfläch vu 25 Meter amplaz den normalen 18,7 Meter, sinn, am Géigesaz zu Lëtzebuerg, schonn zënter enger Rei Joren a verschiddene vun eisen Nopeschlänner op bestëmmte Strecken zougelooss.

Den Direkter vum Lëtzebuerger Logistikcluster « Cluster for Logistics – C4L » huet rezent an engem Interview seng Suerg geäussert, dass den Transportsecteur zu Lëtzebuerg ouni staatlech Hëllefe seng Klimaziler bis 2030 warscheinlech net wäert erreeche kënnen. Aus deem Grond fuerdet en, dass dës XXL-Camionen och zu Lëtzebuerg op bestëmmte Strecken zougelooss solle ginn. Dës Camionen géifen effektiv bis zu engem Drëttel manner Emissiounen pro transportéierter Tonn verursaachen wéi gewéinlech Camionen.

An deem Kontext wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

– Ass virgesinn, « Gigaliner » op bestëmmte Strecken zu Lëtzebuerg zouzeloossen ? Wann net, wat wieren d’Grënn dofir ?

– Wéi eng Strecke wiere gëeegent fir dass sou grouss Camionen drop fueren ? Ass schonn eng Analys vun der Stroosseninfrastruktur an deem Sënn gemaach ginn ?

– Wéi eng Mesurë si geplangt, fir den Transportsecteur z’ënnerstëtzen, fir op méi klimaschounend Transportméiglechkeeten ëmzeklammen, notamment wat de Wuerentransport iwwer d’Strooss betrëfft ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...