Bëschbränn zu Lëtzebuerg

Iwwert déi lescht Joren huet d’Zuel vun de Bëschbränn staark zougeholl duerch klimatesch Verännerungen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an Inneminister nogefrot, wéi sech d’Zuel vun de Bëschbränn an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wéi eng Plazen am meeschte betraff waren, wéi oft de CGDIS an den Asaz misst a wat fir präventiv Moossname geholl ginn si fir iwwer dës Problematik ze sensibiliséieren.

Fro:

„Duerch déi klimatesch Verännerungen aus de leschte Joren huet d’Zuel vun de Bëschbränn zougeholl. Besonnesch am séier dréchene Joer 2018 koum et am Éislek zu verschiddene Bränn a Bëscher. Och wann et dee leschte Summer an dësem Beräich zimmlech roueg war, muss een dach awer fäerten, datt sech dës Problematik am Kader vun der Klimakris an Zukunft verstäerke wäert.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

  1. Wéi huet sech d’Zuel vun de Bëschbränn an de leschten 10 Joer entwéckelt?
  2. Wat fir Plazen a Géigende vum Land waren am meeschte betraff?
  3. Wéi dacks huet de CGDIS missen an den Asaz fir dës Bränn nees ënner Kontroll ze kréien? A wéiville Fäll ware mënschleche Feeler Schold un dëse Bränn?
  4. Wat fir präventiv Moossnamen si mëttlerweil geholl gi fir de grousse Public méi an d’Flicht ze huelen a fir iwwer dës Problematik ze sensibiliséieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...