Diabetes

Besteet een Enkpass beim Medikament Ozempic?

D’Medikament Ozempic gëtt bei der Behandlung vun Diabetes Type 2 agesat. Et hëlleft awer och beim Ofhuelen a gëtt ëmmer méi heefeg och dofir kaf. Well a sou munche Länner scho vun engem Enkpass bei dësem Diabetikermedikament geschwat gëtt, hunn d’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum bei den zoustännege Ministeren nogefrot, woufir d’Medikament hei am Land haaptsächlech genotzt gëtt, ob et och hei zu engem Enkpass komme kéint, an ob een den Dokteren an Apdikter recommandéiere sollt, Ozempic just nach bei Diabetes Type 2 erauszeginn.

Fro

„Et ass eis gesot ginn, datt ee d’Medikament mam Numm „Ozempic“, dat géint Diabetes vum Type 2 agesat gëtt, och geholl gëtt fir iwwergewiichtege Leit ze hëllefen ofzehuelen. Am éischte Fall gëtt et ganz rembourséiert, am zweete Fall ass et net gratis. Well dat Medikament och beim Gewiichtsverloscht hëllefe kann, ass et a munche Länner esou gefrot, datt et zu Enkpäss kënnt. An Australien ass et z.B. bis Mäerz 2023 net méi ze kréien.  

Aus deem Grond wollte mer der Madamm Gesondheetsministesch an dem Här Sozialminister follgend Froe stellen :

  • Wéi vill verschidde Medikamenter ginn hei am Land géint Diabetes verschriwwen an a wat fir enger Zuel?
  • A wat fir engem Mooss ginn déi Medikamenter oder dat spezifescht Medikament géint Iwwergewiicht agesat?
  • Kann dës alternativ Notzung dozou féieren, datt et zu Lëtzebuerg Enkpäss an der primärer Notzung gëtt ?

Verschidde Länner, dorënner d’Belsch, recommandéieren hiren d’Dokteren an Apdikter d’Medikament „Ozempic“ just nach bei Diabetes erauszeginn fir eventuell Enkpäss ze vermeiden.

  • Sinn d’Ministeren der Meenung, datt een dës Recommandatioun och zu Lëtzebuerg sollt un d’Dokteren an d‘Apdikter weiderginn? Wann net, aus wéi enge Grënn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Sinn d’Kontrolle vun der EDF vu Cattenom credibel?

Déi franséisch Agence fir nuklear Sécherheet ASN huet rezent festgestallt, dass d’Kontrolle vun EDF vun den Ersatzdeeler fir d’Atomkraaftwierk zu Cattenom net grëndlech genuch waren. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob elo net och aner Kontrolle vun EDF widderholl misste ginn.

weiderliesen...

Nei Apdikten fir de Norden ?

Eng Enquête vum Konkurrenzrot am pharmazeutesche Secteur, weist dorobber hin, datt Lëtzebuerg am OECD-Verglach eng niddreg Zuel un Apdikten huet. De Rot proposéiert dowéinst d’Schafen vun neien Apdikten, fir déi geographesch Lacunnen auszebesseren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob schonn Iwwerleeungen amgaange sinn fir nei Apdikten am Norde vum Land ze schafen a wéi eng Krittären beim Schafe vun neien Apdikten entscheedend sinn.

weiderliesen...
Prisong Mauer Iwwerwaachung

Wisou dierfen d’Prisonéier vum Uerschterhaff net schaffen ?

Prisonéier vum Uerschterhaff dierfen am Géigesaz zu de condamnéierte Prisonéier zu Schraasseg net schaffen. Dobäi kann eng Untersuchungshaft och vun e puer Deeg bis hin zu e puer Joer daueren. Wisou gëtt hei en Ënnerscheed gemaach a wäert sech nach eppes änneren ? Eisen Deputéierte Pim Knaff huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...