Carole Hartmann, nei Presidentin vun der DP

70 Joer DP – Well et ëm muer geet.

Den Nationalkongress vun der Demokratescher Partei huet d’Carole Hartmann (37) mat 95,65 Prozent zu senger neier Presidentin gewielt. D’Carole Hartmann iwwerhëlt d’Successioun vum Lex Delles, deen dräi Joer laang President war.

D’Juristin Carole Hartmann ass Députée-maire vun Iechternach. Si ass déi véierte Fra un der Spëtzt vun der DP. Hire Posten als Generalsekretär(in) iwwerhëlt den Eric Thill.

Déi vu Kongress gewielte Parteispëtzt an d’Parteigremie setzen sech elo follgendermoossen zesummen:

Presidentin Carole Hartmann; 1. Vizepresidentin: Yuriko Backes; Vizepresidentinnen: Corinne Cahen an Amela Skenderović; Generalsekretär: Eric Thill; Generalsekretär-adjoint: Claude Lamberty; Tresorière: Myriam Feyder.

Comité directeur: Michael Agostini, Jeffrey Drui, Géraldine Welkenbach, Marc Schuman (Bezierk Süden); Robert L. Philippart, Patrick Michels, Christos Floros, Nicolas Kandel (Bezierk Zentrum); Angèle Mersch, Michel Goethals, Paula Fontoura de Morais, Denny Kanisza (Bezierk Norden); Ben Ries, Martine Birkel, Carmen Friden, Hugo Da Costa (Bezierk Osten).

An hirer Untrëttsried um Lampertsbierg huet sech déi nei Parteipresidentin kloer fir d’Bäibehale vun der sozial-liberaler, léisungs- an zukunftsorientéierter Ausriichtung vun der DP ausgeschwat. D’Carole Hartmann huet déi politesch a programmatesch Stäerkt vun der Partei betount – genee 70 Joer no hirer Grënnung.

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

D’DP wäert weider eng kloer proeuropäesch, progressiv an nohalteg Politik am Dialog mat de Sozialpartner maachen, wéi dat schonn an der Ära vum Gaston Thorn de Fall war.

D’DP-Presidentin huet doriwwer eraus d’Nouwennegkeet vu gesellschaftspolitesche Reformen ënnerstrach, fir den Zesummenhalt vum Land a senger Diversitéit ze stäerken a fir de Besoine vun alle Mënsche gerecht ze ginn. D’DP – als Partei vun der Mëtt – géing och an der Responsabilitéit stoen, fir déi demokratesch Fräiheeten an d’Chancëgerechtegkeet vun all de Mënschen am Land ze garantéieren. Och an zemol fir d’Zukunft vun de kommende Generatiounen ofzesécheren, well et ëm muer geet, esou d’Carole Hartmann.

DP Nationalkongress 2025

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...