Chamberwalen 2023: D’DP Norden proposéiert dem Comité Directeur hir 9 Kandidatinnen a Kandidaten

Haut den Owend huet de Bezierkscomité Norden dem Comité Directeur vun der DP seng 9 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Fernand Etgen an de Marc Hansen

Den Altersduerchschnëtt vun der DP-Lëscht läit bei 47 Joer.

  • Fernand Etgen, Spëtzekandidat, Chamberpresident, 66 Joer, Uewerfeelen
  • Marc Hansen, Spëtzekandidat, Minister fir d’Fonction publique an delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung, 52 Joer, Useldeng
  • André Bauler, Deputéierten, Professeur de sciences économiques et sociales 59 Joer, Ierpeldeng-Sauer
  • Amel Cosic, Schäffen, Employé admin. am CHDN, 33 Joer, Wolz
  • Anne Daems, Employée beim Staat, 42 Joer, Ettelbréck
  • Angèle Mersch, Chargée de cours am LTA, 27 Joer, Clierf
  • Edy Mertens, Buergermeeschter, Dokter, 68 Joer, Wilwerdang
  • Mike Poiré, Buergermeeschter, Jurist, 44 Joer, Mäerzeg
  • Eric Thill, Buergermeeschter, Politesche Beroder, 29 Joer, Schieren

Laut de Statutte vun der DP, ass et um Comité Directeur, fir iwwer d’Virschléi aus de Bezierker ze befannen. Déi 60 Kandidaten an d’Campagne vun der DP fir d’Chamberwalen 2023 ginn e Samschdeg, de 15. Juli, um 11 Auer, am Atelier (54, rue de Hollerich, L-1740 Luxembourg) presentéiert.

Matgedeelt vun der DP Norden.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...