Chamberwalen 2023: D’DP Norden proposéiert dem Comité Directeur hir 9 Kandidatinnen a Kandidaten

Haut den Owend huet de Bezierkscomité Norden dem Comité Directeur vun der DP seng 9 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Fernand Etgen an de Marc Hansen. 

Den Altersduerchschnëtt vun der DP-Lëscht läit bei 47 Joer.

  • Fernand Etgen, Spëtzekandidat, Chamberpresident, 66 Joer, Uewerfeelen
  • Marc Hansen, Spëtzekandidat, Minister fir d’Fonction publique an delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung, 52 Joer, Useldeng
  • André Bauler, Deputéierten, Professeur de sciences économiques et sociales 59 Joer, Ierpeldeng-Sauer
  • Amel Cosic, Schäffen, Employé admin. am CHDN, 33 Joer, Wolz
  • Anne Daems, Employée beim Staat, 42 Joer, Ettelbréck
  • Angèle Mersch, Chargée de cours am LTA, 27 Joer, Clierf
  • Edy Mertens, Buergermeeschter, Dokter, 68 Joer, Wilwerdang
  • Mike Poiré, Buergermeeschter, Jurist, 44 Joer, Mäerzeg
  • Eric Thill, Buergermeeschter, Politesche Beroder, 29 Joer, Schieren

Laut de Statutte vun der DP, ass et um Comité Directeur, fir iwwer d’Virschléi aus de Bezierker ze befannen. Déi 60 Kandidaten an d’Campagne vun der DP fir d’Chamberwalen 2023 ginn e Samschdeg, de 15. Juli, um 11 Auer, am Atelier (54, rue de Hollerich, L-1740 Luxembourg) presentéiert.

Matgedeelt vun der DP Norden.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...