Europa Charles Goerens Header

Charles Goerens

Norden, Europadeputéierten

De Charles Goerens gouf 1979 an d’Chamber gewielt. Duerno gouf hien ëmmer erëm gewielt. Vun 1982 bis 1984 war hie fir d’éischt Member am Europäesche Parlament. Hie gouf direkt am Amt am Joer 1999 bestätegt, gouf awer an d’Juncker-Polfer Regierung ernannt. Nodeems hien erëm an der Chamber souz, ass hien 2009 zréck an d’Europaparlament gaang an huet säi Sëtz no de Wahlen am Mee 2014 a Mee 2019 behalen. Zousätzlech war de Charles Goerens President vun der Demokratescher Partei vun 1989 bis 1994.

Suivéiert de Charles Goerens an de soziale Medien

Fir eng funktiounsfäeg Europäesch Unioun
A senger Fräier Tribün um Radio schwätzt eisen Europadeputéierte Charel Goerens sech dofir aus, datt déi 27 Memberlänner vun der EU sech esou organiséieren, dass Europa mat där ablacklecher internationaler Entwécklung ka Schrëtt halen.
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Plenarsëtzungswoch (Dezember 2020) - Brexit

Den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ass scho säit enger längerer Zäit Haaptthema a suergt fir vill Gespréichsstoff. Mam Enn vum Joer kennt d’Wourecht ëmmer méi no: packen et béid Parteien een Accord ze fannen? Mir hunn iwwer den aktuelle Stand geschwat – a wéi d’Konsequenze fir d’EU ausgesi kennen.

Plenarsëtzungswoch (Dezember 2020) - Brexit

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video