Claude Lamberty

Claude Lamberty

Zentrum, Deputéierten, Gemengeconseiller, DP-Vizepresident

De Claude Lamberty ass 2016 um Krautmaart vereedegt ginn. Als geléierte Schoulmeeschter leien him besonnesch d’Bildung an d’Beruffsausbildung um Häerz. De passionéierte Sportler setzt sech och fir méi en héije Stellewäert vum Sport an eiser Gesellschaft an. Donieft ass de Claude Lamberty mandatéierten DP-Spriecher zum Thema Police an ëffentlech Sécherheet. Zanter 2008 ass de Claude Lamberty Member vum Hesper Gemengerot. Vun 2017 bis 2022 war hie Generalsekretär vun der DP. Um Kongress vum 12. Juni 2022 ass de President vun der Lëtzebuerger Tennis-Federatioun als ee vun de Vizepresidente vun der DP gewielt ginn.

Suivéiert de Claude Lamberty an de soziale Medien

Coordinateur sportif an eise Gemengen
Divers Gemengen uechtert Land hunn a rezenter Vergaangenheet mam Staat Konventioune betreffend dem Coordinateur sportif ënnerschriwwen. An dem Kontext, hunn DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gusty Graas beim Sportminister nogefrot wéi et mam Coordinateur...
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Kaffispaus - Profisport & Benevolat

D‘Olympesch Spiller, d’Zukunft vum Amateursport, de Benevolat zu Lëtzebuerg a villes méi: An der neier Episode vun eiser Kaffispaus ënnerhält sech den DP-Generalsekretär Claude Lamberty mam Rekordsportler Raphaël Stacchiotti.

Kaffispaus - Profisport & Benevolat

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Goufen nach keng Subside fir Wäermepompelen ausbezuelt?
Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass bis nach keng Subventioun fir eng Wäermepompel vum Ministère ausbezuelt gouf, well et sou gutt wéi keng Wäermepompel um Marché gëtt, déi déi festgeluechte Kaméidisgrenzwäerter anhält....