Goufen nach keng Subside fir Wäermepompelen ausbezuelt?

Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass bis nach keng Subventioun fir eng Wäermepompel vum Ministère ausbezuelt gouf, well et sou gutt wéi keng Wäermepompel um Marché gëtt, déi déi festgeluechte Kaméidisgrenzwäerter anhält. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob dat sou ass an no wéi enge Krittären déi Grenzwäerter definéiert goufen.

Et ass eis zu Ouere komm, dass den Ëmweltministère bis ewell nach keng Subventioun am Kader vum Klimabonus-Programm fir d’Installatioun vun enger Loft-Wäermepompel accordéiert an ausbezuelt huet. De Grond heifir wier, dass et aktuell um Marché bal keng Wäermepompel gëtt, déi déi jeeweileg Kaméidigrenzwäerter (≤ 5kW: 48 dB(A); 5-12 kW: 51 dB(A); >12 kW: 55 dB(A)) anhält.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch dës Informatioune bestätegen?
  • Falls net, wéi vill Demande sinn an de leschten dräi Joer pro Joer erakomm? Wéi vill goufen der accordéiert? Wéi vill goufen der ausbezuelt?
  • No wéi enge Krittäre sinn dës Grenzwäerter festgeluecht ginn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...