De Claude Lamberty ass 2016 um Krautmaart vereedegt ginn. Zënter 2017 ass hie Generalsekretär vun der DP. Als geléierte Schoulmeeschter leien him besonnesch d’Bildung an d’Beruffsausbildung um Häerz. De passionéierte Sportler setzt sech och fir méi en héije Stellewäert vum Sport an eiser Gesellschaft an. Donieft ass de Claude Lamberty mandatéierten DP-Spriecher zum Thema Police an ëffentlech Sécherheet. Zanter 2008 ass de Claude Lamberty Member vum Hesper Gemengerot.
Startschoss fir de Klimabiergerrrot : Zesumme fir e bessere Klimaschutz
Fir d’Leit méi staark an d’Diskussioune ronderëm d’Klimapolitik anzebannen, hat de Premier Xavier Bettel am Oktober d’Schafe vun engem Klimabiergerrot annoncéiert - viru kuerzem huet hien déi genee Detailer dozou presentéiert. A senger Tribune libre geet...
D‘Olympesch Spiller, d’Zukunft vum Amateursport, de Benevolat zu Lëtzebuerg a villes méi: An der neier Episode vun eiser Kaffispaus ënnerhält sech den DP-Generalsekretär Claude Lamberty mam Rekordsportler Raphaël Stacchiotti.
Kaffispaus - Profisport & Benevolat
By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy. Learn more
Fir eng erfollegräich Ausféierung vum Sport schafe funktionell an zäitgeméiss Infrastrukturen d'Basis. An dem Kontext, hunn DP Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann beim Sportminister nogefrot wéi et mam Ausbau an Developpement vu Sportsinfrastrukturen...