Digitalkongress 2020 - Xavier Bettel

Dat neit Gesetz iwwer d’Pressehëllef: professionell Journalisten am Fokus

De Grand-Duché huet eng aussergewéinlech a besonnesch dynamesch Medielandschaft. Dat hu mir gréisstendeels enger mediefrëndlecher Regierungspolitik ze verdanken, déi 1976 ënnert dem Premier Gaston Thorn déi éischt Pressehëllef agefouert huet. Am audiovisuelle Beräich gëtt et déi finanziell Hëllef zanter 1991. An der Chamber gëtt deemnächst en neit Medien-Gesetz gestëmmt.

Déi fréier Aide war op d’Printmedie limitéiert, du koum deen audiovisuelle Beräich derbäi, an elo tendéiere mir ëmmer méi zum Paperless, well mir eis Zeitungen an aner Medien ëmmer méi online liesen oder lauschteren.

Doriwwer eraus, ass et eis Flicht, fir de Pluralismus a fir d’Onofhängegkeet vun de Medien ze suergen. Mir sinn hei an engem Paradigmewiessel. De Kär vum Projet ass et nämlech, fir de Fokus op de professionelle Journalismus ze leeën an net méi op d’Zort vum Media an op d‘Säitenzuel vum Print – genee ewéi et 2018 am Koalitiounsaccord festgehale ginn ass. Konkret geet et ëm eng Valorisatioun vun de Journalisten a vun hirer Aarbecht. Dat solle professionell Journaliste sinn, déi en objektiven a gudde Journalismus maachen.

Fir den Iwwergang war 2017 e Reglement vun der Regierung gemaach ginn, fir d’Entwécklung vun der Online-Press z‘ënnerstëtzen. Ma elo ass et definitiv Zäit, datt d’Reform a Kraaft trëtt.

Et ass gutt, datt mir zu Lëtzebuerg méisproocheg Medien hunn. Esou kënnen déi auslännesch Matbierger vun engem qualitativ héichwäertege Journalismus an enger hinne geleefeger Sprooch profitéieren. Et ass genee dat, wat eis Medielandschaft esou aussergewéinlech mécht.  

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...