Carole Hartmann

Deene Schwächsten ënner d’Äerm gräifen

D’Corona-Pandemie mat hire méi oder manner strenge Lockdownen, huet eis Wirtschaft ausgebremst an erschwéiert d’Reprise vun hiren Aktivitéiten. D’Regierung huet dofir eng ganz Rei finanziell Aiden a Mesuren decidéiert, fir der wirtschaftlecher Onsécherheet entgéint ze wierken a fir Aarbechtsplazen ofzesécheren.

Esou huet de Staat eleng vu Mäerz 2020 bis Februar 2021 eng 935 Milliounen Euro fir de Chômage partiel ausginn. Donieft sinn am Kader vun Neistart Lëtzebuerg vill Direkthëllefen un d’Betriber ausbezuelt ginn. D’Allocation de vie chère ass verduebelt an de Congé pour soutien familial ass agefouert ginn – fir just déi Beispiller ze nennen.

Och d’Erhéijung vum Mindestloun ëm 2,8% gräift deene Schwächsten an eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm. Déi Hausse gëtt all zwee Joer duerch eng Analyse vun der Lounentwécklung op de Leescht geholl. D’Upassung ass kee formellt Recht, ass bis elo awer all 2 Joer gemaach ginn. Och wärend der Stol- an de Finanzkrisen. Dat soll elo net anescht sinn.

Besonnesch d‘Horesca an de Commerce sollen awer net onnéideg staark duerch d‘Upassung vum Mindestloun belaascht ginn. Dofir ass eng Prime unique vu 500 Euro pro Salarié als Ausgläich agefouert ginn. Dat war der DP besonnesch wichteg, fir d’Betriber an der Kris net zousätzlech ze belaaschten.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider News

Lydie Polfer

Ëffentlech Sécherheet an der Stad

„Déi éischt Missioun vum Staat a vun de Gemengen ass et, de Bierger hier Sécherheet ze garantéieren. Do hapert et gewalteg, op der Gare an och zu Bouneweg, an dat ass keen neie Phenomen“, esou de Constat vun der Stater Deputée-Maire Lydie Polfer an der Chamber, am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’ëffentlech Sécherheet.

weiderliesen...
André Bauler

D’Lëtzebuerger Kreativwirtschaft weider fërderen

2015 hat d‘Lëtzebuerger Kreativwirtschaft e Méiwäert vu ronn 400 Milliounen Euro opweises an huet méi wéi 7.000 Leit beschäftegt. An enger erweiderter Fro wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum Mëttelstandsminister wëssen, wéi sech de Secteur zanterhier entwéckelt huet a wat d‘Perspektive fir d’Zukunft sinn.

weiderliesen...