Depressiounen no der Gebuert

D’Gebuert vun engem Kand ass ee vun deenen schéinste Momenter fir all Elteren. A vereenzelte Fäll kënnt et allerdéngs fir, dass d’Mamm oder de Papp eng „post-natal Depressioun“ entwéckelt an alles anescht ewéi Gléck a Freed verspiert. An deem Kader wollt d’DP-Deputéiert Carole Hartmann vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi déi betraffe Persounen zu Lëtzebuerg kënnen gehollef kréien.

« No der Gebuert erliewe vill Mammen eng kuerz Phase an där si sech traureg, gereizt, midd a veronséchert fillen – dee sougenannte „Baby Blues“.  An der Reegel verflitt dëse Gemittszoustand ganz ouni Behandlung an hält just e puer Stonnen oder Deeg un.

Wann d’Symptomer allerdéngs méi schlëmm ginn a sech iwwer Wochen oder souguer Méint ewech zéien, ka sech dohannert eng eescht Erkrankung mat potenziell schwéiere Folge fir d’Mamm, d’Kand an d’Famill verstoppen. Riets geet vun der „post-nataler Depressioun“. Hei ass et wichteg sou schnell wéi méiglech ëm Hëllef ze froen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill jonk Mammen leiden zu Lëtzebuerg an der Moyenne ënnert „post-natalen Depressiounen“ ? Wéi huet sech dës Zuel iwwer déi leschte Joren verännert a wat sinn d’Ursaachen dofir ?
  • Ginn et bestëmmte Facteuren, déi de Risk un enger „post-nataler Depressioun“ ze  erkranken erhéijen? Kann de sozio-kulturellen Hannergrond eventuell och eng Roll heibäi spillen ?
  • Ënnert wéi enger Form gi schwanger Fraen an hir Partner iwwer de Sujet vun der „post-nataler Depressioun“ sensibiliséiert? Wéi eng Preventiounsmesuren existéieren zu Lëtzebuerg ?
  • Wéi eng Strukturen ginn et hei am Land fir de betraffene Persounen ze hëllefen? Wéi eng Zorte vu Behandlungen ginn ugebueden a ginn dës vun der Krankekeess rembourséiert ?
  • Nieft de Mammen kënnen och d‘Pappen no der Gebuert ënnert gréisseren Depressiounen leiden. Huet d’Madamm Ministesch eventuell Statistiken iwwer d’Unzuel vun de betraffene Männer? »

Äntwert

Zu Lëtzebuerg gi keng Statistiken iwwer d’post-natal Depressiounen gesammelt, esou d’Gesondheetsministesch an hirer Äntwert. Et wär een sech allerdéngs bewosst dass et souwuel Mammen ewéi och Pappen ginn déi ënnert dem Problem leiden. Stress a Komplikatioune wärend der Schwangerschaft oder der Gebuert, Konflikter an der Famill oder mam Liewenspartner, sou wéi finanziell a sozial Problemer wären bekannte Risikofacteuren. Wat d’Preventioun betrëfft, géif d’Thema souwuel an de Preparatiounscoursen op d’Gebuert beschwat ewéi och vun de Professionellen déi d’Gebuert begleeden opgegraff ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...

Zweeten Intervenant an A-EBS am Cycle 1 vum Grondschoulunterrecht

Fir eng besser pedagogesch Differenzéierung a méi Chancë vu Ufank un ze garantéieren, gesäit de Koalitiounsprogramm en zweeten Intervenant am Cycle 1 vir. Och am Kader vum Projet Alpha kéint dësen Intervenant eng wichteg Roll spillen, besonnesch bei der phonetescher Virbereedung vun de Kanner. Zousätzlech si sougenannte A-EBS geplangt, déi d’Enseignanten ënnerstëtze sollen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino hu beim Educatiounsminister nogefrot, wéi wäit dës Initiativen fortgeschratt sinn a wéi de Kalenner ausgesäit.

weiderliesen...

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...