Drénkwaasser aus der Musel?

Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun der Musel steet.

Eis ass zu Ouere komm, datt de Moment Studien gemaach géifen ginn, fir Drénkwaasser aus der Musel opzebereeden.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ëm wat fir eng Studien handelt et sech? Wéini wäerten déi spéitstens ofgeschloss sinn?
  • Wat fir Risike kéinte vum Atomkraaftwierk Cattenom am Kontext vun der Drénkwaassergewënnung aus der Musel ausgoen?
  • Wéi huet sech d’Waasserqualitéit vun der Musel an de leschte Joer entwéckelt? Mussen an deem Zesummenhang nach weider Moossnamen ergraff ginn?

Äntwert

  1. Ëm wat fir eng Studien handelt et sech? Wéini wäerten déi spéitstens ofgeschloss sinn?

De Moment lafen Etüde fir d’Machbarkeet vun enger Potabilisatioun vu Waasser aus der Musel ze préiwen. Et handelt sech virun allem ëm d’Beräicher vun der Opbereedungstechnik an dem Verdeelungsreseau an dës wäerten Enn 2022 ofgeschloss sinn. Eréischt nom Ofschloss vun deenen Etüden kann eng Conclusioun gezu ginn wéi d‘Muselwaasser fir Drénkwaasserzwecker ka benotzt ginn.

  1. Wat fir Risike kéinte vum Atomkraaftwierk Cattenom am Kontext vun der Drénkwaassergewënnung aus der Musel ausgoen?

Am Fall vun engem schwéieren nuklearen Accident zu Cattenom, deen och aner déifgräifend Konsequenzen op eist Land hätt, besteet de Risiko vun engem Relarguage vun Tritium an d’Musel. Fir dësen Impakt op d’Drénkwaasserversuergung ze verhënneren falls d’Muselwaasser géif benotzt ginn, misst ee Fréierkennungssystem installéiert ginn fir ze verhënneren datt Tritium an den Drénkwaassersystem kënnt. Esou ee Fréierkennungssystem enthält notamment Miessstatiounen a Pufferweieren. Och am Fall vun engem temporären Ausfall vun der Drénkwaasserversuergung vun der Musel kéint d’Versuergung vum Land garantéiert ginn, dëst duerch d‘Kapazitéite vun der SEBES-Anlag zu Eschduerf an duerch d’Bedreiwe vun Déiftebuerungen vun der “solution de secours”.

  1. Wéi huet sech d’Waasserqualitéit vun der Musel an de leschte Joer entwéckelt? Mussen an deem Zesummenhang nach weider Moossnamen ergraff ginn?

Dat ökologescht Potential vun der Musel ass laut de Bewäertungskrittäre vun der Waasserdirektiv (2000/60/CE) als onbefriddegend agestuuft. Déi physikalesch-chemesch Parameter déi nieft anere Parameter an déi Bewäertung agefloss sinn, an op der Miessstatioun zu Waasserbëlleg beprouft goufen, goufen dobäi als mässeg agestuuft. De chemeschen Zoustand vun der Musel gouf als schlecht agestuuft. Insgesamt gekuckt ass d’Situatioun an deene leschte Joere stabel bliwwen.

Mat modernen Traitements-Anlagen sollt dëst ewer kee gréissere Problem fir d’Drénkwaasserproduktioun duerstellen. Déi lafend Etüden wäerte weisen wéi dësen Traitement muss ausgesinn fir eng gutt Drénkwaasserqualitéit kënnen ze garantéieren. Weiderhi sinn och eng ganz Rei Moossnamen am Waasserbewirtschaftungsplang fir d’Period 2021-2027 festgehale fir d’Qualitéit vun der Musel allgemeng ze verbesseren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Prisong Mauer Iwwerwaachung

Wéi geschützt sinn d’Giischtercher am Prisong virun Attacken?

D’Situatioun vun de Giischtercher am Prisong ass keng einfach. Verbal Attacken gehéieren zu hirem Alldag, an och kierperlech Attacken a seriö Menacen kommen ëmmer méi heefeg vir. Wéi gëtt d’Personal bannent de Prisongsmauere geschützt? Wéi vill Attacke gouf et an de leschte Joren? A wéi kënnen sech d’Giischtercher och viru Menace wieren ? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

weiderliesen...

Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.

weiderliesen...