Xavier Bettel

D’Rudder fest am Grëff; och a stiermeschen Zäiten!

D’DP ass hirem Ruff als responsabel Partei déi lescht Méint gerecht ginn. Eis Regierungsmemberen hunn déi richteg Entscheedunge fir d’Wuel vum Land getraff. Si hunn an hirem Ressort bewisen, datt a Krisenzäite Verlooss op si ass.

De Krisemanager

Lëtzebuerg ass ënnert dem Lead vum Premier Xavier Bettel gutt versuergt. „Wann et dem Land gutt geet, soll et de Leit nach besser goen”, dat war de Leetsproch vun eis an der leschter Legislaturperiod. Den DP-Premier huet elo bewisen, wéi ee Lëtzebuerg och a stiermeschen Zäite geréiert.

Et gëtt Qualitéiten, déi e gudde Staatsmann ausmaachen: Den onermiddlechen Asaz fir Land & Leit ass sécher eng dovunner. 

De Xavier Bettel huet dës Qualitéit sonndes, de 19. Juli 2020 op eng androcksvoll Manéier ënner Beweis gestallt. Nodeems hien zu Bréissel erreecht huet, datt Lëtzebuerg zousätzlech 100 Milliounen Euro fir de Kampf géint de Virus zougesprach kritt, ass hien op Lëtzebuerg zeréckkomm, fir dofir ze suergen, datt de Regierungsrot géing déi noutwenneg Restriktiounen huelen, fir eng Reprise vun der Pandemie an de Grëff ze kréien. 

D’Pressekonferenz war knapps eriwwer, du souz de Xavier Bettel erëm am Auto, fir dono zu Bréissel iwwert d’Zukunft vum europäeschen Hëllefsprojet mat ze decidéieren.

Politik mat Häerz a Séil fir Jonk an Al

Mir leiden Allguerten ënnert de Konsequenze vun der Pandemie. Ma et si besonnesch déi vulnerabel Persounen an déi eeler Leit, déi vum Confinement betraff sinn. “Mir huet all Dag d’Häerz geblutt, wann ech mat Leit aus den Alters- a Fleegeheemer a Kontakt war, déi no hirer Famill verlaangert hunn”, huet d’Corinne Cahen um DP-Digital-kongress bedauert.

Corinne Cahen

Der Familljeministesch war et e besonnescht Uleies, datt Visitten a Sortien an de Betreiungsstrukturen erëm esou séier wéi méiglech garantéiert ginn: „Well och ons eeler Matmënschen hunn d’Recht op déi héchstméiglechst Liewensqualitéit. Dat si mir hinne schëlleg.”

De Kanner déi beschtméiglech Zukunftschance bidden: Dat ass iwwerdeems d’Zil vum Bildungsminister Claude Meisch. Den Homeschooling war wuel eng Erfarung, déi an der Nout gutt fonctionéiert huet, ma d’Joffer an de Schoulmeeschter an der Klass sinn net z‘ersetzen. De Claude Meisch huet d’Rentrée an de Schoulen a Betreiungsstrukturen esou organiséiert, datt sech eis Kanner erëm an engem sécheren Ëmfeld op hir Zukunft virbereede kënnen – an hir Schoulkomerode kënnen erëmgesinn.

Claude Meisch

Wärend dem Cofinement hunn d’Enseignanten an d’Elteren hiert Beschtméiglechst gemaach, fir d’Léieren am Kader vu Schoul doheem oprechtzëerhalen. Trotz all den Efforte weess een awer, datt et Schüler gëtt, déi aus deem engen oder anere Grond Lacunnen opweisen. Fir dëse Léier-Retard an déi doduerch entstanen Ongläichheeten opzefänken, goufen op Initiativ vum Bildungsminister Claude Meisch wärend de leschten zwou Woche Summervakanz gratis Nohëllefscoursen organiséiert.

„D’Regierung léisst keen am Ree stoen“

Déi responsabel Budgetspolitik vum Finanzminister Pierre Gramegna dréit hir Friichten: Déi gesond Staatsfinanzen hunn et erlaabt, fir séier een ëmfaassende Stabilisatiounspak an Héicht vu ronn 11 Milliarden Euro auszeschaffen, fir d’Entreprisen, d’Startuppen, d‘Salariéen, d‘Fräiberuffler an d‘Kënschtler z‘ënnerstëtzen. 

Pierre Gramegna
Marc Hansen

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet an deem Kontext eng Hellewull vun Hëllefen a Finanzsprëtze virgesinn, déi kënne séier an onkomplizéiert un d‘Betriber ausbezuelt ginn.

Och de soziale Volet ass déi lescht Méint net ze kuerz komm: Denke mer nëmmen un d‘Kuerzaarbecht, déi vill Leit an der Aarbecht gehalen huet. Bis d‘Enn vum Joer wäert de Staat garantéieren, datt kee Salarié am Chômage partiel ka manner wéi de Mindestloun verdéngen. 

Ee kloert Zeeche vu sozialer Kohäsioun ass och d’Erhéijung vun der Deierechtszoulag (Allocation de vie chère). Op Propositioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen huet d’Regierung decidéiert, fir déi Hëllef 2020 réckwierkend ze verduebelen. Domadder sollen d’Leit mat wéineg Akommes ënnerstëtzt ginn, och wa se en Aarbechtskontrakt hunn.

Lex Delles

Innovativ Weeër eraus aus der Kris

Fir d’DP kann et keen einfachen „Zeréck“ ginn. Mir wäerten déi richteg Léieren aus der Kris zéien an d’Chance notzen, fir en neit Kapitel fir Lëtzebuerg opzeschloen. De Minister fir den ëffentlechen Déngscht Marc Hansen huet mam Télétravail d’Jalone gesat, fir d’Aarbechtswelt vu muer virzebereeden. Eng Aarbechtswelt mat méi flexibelen Aarbechtszäiten a mat méi Zäit fir Famill a Fräizäit. Innovativ Weeër aus der Kris fannen, heescht op d’Wëssenschaft ze vertrauen. De Claude Meisch huet genee dat als Héichschoulminister gemaach, andeems hie ganz fréi op den Appell vun den Experten no méi Corona-Tester reagéiert huet, an de Large-Scale-Testing ausgeschafft huet. Lëtzebuerg ass an deem Beräich absolutte Virreider (d’Nummer 1) op der Welt a ka mat senge massiven Testkapazitéite séier op Neiinfektioune reagéieren.

Neistart Lëtzebuerg

Fir d’Wirtschaft no der Corona-Kris ze relancéieren, huet d’Regierung eng ganz Panoplie vu Mesurë virgesinn. Den Tourismusminister Lex Delles setzt dobäi op lokal Moosnamen: „Akafen doheem“ séchert net nëmmen Aarbechtsplazen an hëlleft ville klengen a mëttelstännege Betriber nees op d’Been, mä et kënnt och der Ëmwelt zegutt. Eisen Appell ass kloer: Dëst Joer ass et „Vakanz doheem“! De Bong vu 50 Euro kënnt do just gutt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...