D’Uergel vun der Stater Kathedral

D'Uergel vun der Stater Kathedral ass d'lescht Joer fir Renovatiouns- a Moderniséierungsaarbechten ofmontéiert ginn. Den Deputéierten André Bauler stellt a senger parlamentarescher Fro haaptsächlech Froen zur Finanzéierung vun dësen Aarbechten.

« L’orgue symphonique HAUPT (1937/38) de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg a été démonté en été dernier afin d’être restauré entièrement et de se voir équipé de la technologie moderne. En effet, au fil des années le matériel est devenu vétuste, voire défectueux.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Culture :

1. Dans quelle mesure le Ministère de la Culture intervient-il dans le financement de cette restauration et des travaux de modernisation, voire d’extension ?

2. Un accompagnement de la part de l’administration des Sites et Monuments nationaux est-il requis dans ce cadre ?

3. À concurrence de quelle part les autres partenaires participent-ils au financement de ce projet ?

4. Madame la Ministre peut-elle fournir d’éventuelles précisions sur l’orgue symphonique de la Cathédrale (historique, état actuel, augmentation éventuelle du nombre de registres, etc.) ? »

Äntwert

D’Kulturministesch seet an hirer Äntwert, datt de Ministère sech un de Sanéierungs- a Renovatiounsaarbechte vun der Uergel aus der Kathedral géif bedeelegen. Den Héchstbetrag ass festgeluecht op 916.666,66€, wat engem Drëttel vum finanzielle Kader vun 2.750.000€ TTC entsprécht. Déi aner zwee Drëttel gi vun der Stad Lëtzebuerg a vum Verwaltungsfong iwwerholl, esou d’Madamm Sam Tanson.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Prisong Mauer Iwwerwaachung

Wéi geschützt sinn d’Giischtercher am Prisong virun Attacken?

D’Situatioun vun de Giischtercher am Prisong ass keng einfach. Verbal Attacken gehéieren zu hirem Alldag, an och kierperlech Attacken a seriö Menacen kommen ëmmer méi heefeg vir. Wéi gëtt d’Personal bannent de Prisongsmauere geschützt? Wéi vill Attacke gouf et an de leschte Joren? A wéi kënnen sech d’Giischtercher och viru Menace wieren ? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

weiderliesen...

Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.

weiderliesen...