D’Yuriko Backes gëtt déi éischt Lëtzebuerger Finanzministesch

No der eestëmmeger Entscheedung vun den DP-Gremie wäert de Premier Xavier Bettel dem Grand-Duc d’Yuriko Backes als nei Finanzministesch proposéieren.

D’Yuriko Backes iwwerhëlt domadder d’Nofolleg vum Pierre Gramegna a gëtt déi éischt Fra op dësem Posten zu Lëtzebuerg.

Déi erfueren Diplomatin konnt hir Qualitéiten a Kompetenz schonn op ville Plazen ënner Beweis stellen: Si war ë.a diplomatesch Beroderin vun zwee Staatsministeren a wärend 4 Joer Chef vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg. Zanter 2020 ass si Maréchale de la Cour.

D’Yuriko Backes huet 50 Joer an ass Mamm vun zwee Kanner.

Mir heeschen d’Yuriko häerzlech wëllkomm an der DP-Famill!

DP-Pressekonferenz mam Yuriko Backes

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Mir brauchen eng zäitgeméiss Gesondheetsversuergung

An senger Tribune Libre um Radio schwätzt de Steven Milbert vun de Jonk Demokraten iwwer d’Liberaliséierung vun den Apdikten, de Verkaf vu rezeptfräie Medikamenter an Drogerien oder a Supermarchéë souwéi iwwer d’Annuléierung vum Verkafsverbuet vun net-rezeptflichtege Medikamenter an Automaten. D’Regierung misst de Biergerinnen a Bierger eng zäitgeméiss Gesondheetsversuergung garantéieren.

weiderliesen...