E P&R um Hareler Poteau?

Aktuell géif et Diskussioune ginn fir e P&R um Hareler Poteau ze schafen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dëse scho méi dozou soe kéint.

« Et ass mer zu Ouere komm, dass et aktuell Diskussiounen iwwer d’Schafe vun engem P&R um Hareler Poteau tëscht dem Ministère an de Gemengeresponsabele gëtt. Zesumme mat enger Expressbuslinn géif dëst de Beruffpendler aus der Regioun et erlaben, an enger Stonn an der Stad ze sinn.

Donieft wier sou e Parking och fir den Tourismus ronderëm de Stauséi intressant.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

– Kann den Här Minister weider Informatiounen zu deenen Diskussioune ginn ?

– Ass an deem Kader virgesinn, dee P&R mat enger Expressbuslinn bis an d’Stad ze verbannen ?– Gëtt och nach iwwer änlech Projeten an anere Landesdeeler nogeduecht ? Wa jo, wou wieren dës Standuerter ? Wéi gesäit hei d’Zesummenaarbecht mat de respektive Gemengen aus ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...