E “Reparatur-Bonus” fir d’Kreeslafwirtschaft ze fërderen?

Mat enger Primm wëll den Ëmweltministère an Thüringen d'Leit encouragéieren, hir elektresch Apparater flécken ze loossen amplaz se wechzegeheien. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, ob dat net eng Pist wier, d'Kreeslafwirtschaft och hei zu Lëtzebuerg méi staark ze fërderen.

« Mëtt Juni vun dësem Joer huet den Ëmweltministère am däitsche Bundesland Thüringen eng Primm (« Reparatur-Bonus ») agefouert, mat där d’Reparatur vun elektreschen Apparater zu 50%, a mat engem Plafong vun 100€, ënnerstëtzt gëtt. D’Zil vun där Mesure ass net nëmmen, d’Quantitéit un Elektroschrott ze reduzéieren, mee och an engems d’Kreeslafwirtschaft ze stäerken an déi lokal Betriber z’ënnerstëtzen. Wéinst dem grousse Succès vun dëser Mesure, huet de Budget dofir och entretemps scho missen ëm 250.000€ gehéicht ginn.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem Här Minister fir Energie an dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Sinn d’Madamm an d’Häre Minister au courant vun dëser Mesure ?
  • Wéi ass der Regierung hir Positioun zu sou enger Primm ? Gedenkt d’Regierung op en änleche Wee ze goe fir d’Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ze stäerken ?
  • Wéi eng aner Mesuren gesäit d’Regierung vir, fir d’Flécke vu Gebrauchsgéigestänn ze fërderen ?
  • Wéi vill Elektroschrott ass zu Lëtzebuerg pro Joer, wärend de leschte fënnef Joer ugefall ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...