Claude Lamberty

E Solidaritéitspak fir Land a Leit

Mir loosse Keen am Ree stoen. Dee Saz vum Premier Xavier Bettel steet fir de Krisemanagement vun eiser Regierung an de leschten 3 Joer. E Leitmotiv, deen och d’Handele vun der Majoritéit an der Chamber begleet. Fir d’éischt an der Covid-Kris an elo zanter dem Ufank vun de russeschen Attacken op d’Ukrain.

De Krich huet bekanntlech d’Energiepräisser an d’Luucht gedriwwen a suergt fir eng Präisdeierecht, déi jidderee vun eis am Portmonni spiert. Dat mierke mer z.b. wa mer tanke ginn, wa mer de Gas oder de Masutt bezuelen, oder wa mer Baumaterial kafen. Besonnesch betraff sinn natierlech Leit mat manner héije Paien.

Dofir huet de Xavier Bettel och direkt dat bewäerte Krisen-Instrument vun der Tripartite aberuff, fir déi Präishaussë beschtméiglech ofzefiederen. D’Regierung, d’Gewerkschaften (mat 1Ausnam) an d’Patronat si sech och séier op e Solidaréitspak vun ëmmerhin 830 Milliounen Euro eens ginn. Dee Pak gesäit ganz konkret Mesure vir, déi de Bierger entlaaschte sollen: Esou sinn de Bensinn, Diesel a Masutt scho 7,5 Cent de Liter erofgesat ginn.

Et war fir d’DP och vun Ufank u kloer, datt de Loun-Index zu Lëtzebuerg net dierf a Fro gestallt ginn. Dofir ass eng viraussiichtlech Index-Tranche vun dësem August an d’nächst Joer verluecht ginn. Wuelverstanen: verluecht, awer net annuléiert.

Och déi aner Mesuren hunn e ganz kloert Zil: D’Kafkraaft vun de Leit stäerken, Aarbechtsplazen ofsécheren an de Betriber Planungssécherheet ginn.

Dofir kréien d’Stéit mat niddregem a mëttlerem Akommes hire Kafkraaftverloscht duerch een neie Steierkredit iwwerkompenséiert. Et gëtt eng Energieprimm fir sozial besonnesch vulnerabel Leit agefouert.

D’Indexéierung vum Kannergeld dann… si bleift bestoen a gëtt net verréckelt.

De Montant vun de Studiebäihëllefe gëtt gehéicht. An d’Loyeren op Wunnenge gi bis d’Enn vum Joer agefruer. D’Subvention Loyer iwwerdeems gëtt gehéicht. An d’Primme fir déi energetesch Sanéierung schliisslech an d’Luucht gesat.

De Solidaritéitspak erfëllt also d’Virgaben, fir d’Kafkraaft a fir den Aarbechtsmaart ze stabiliséieren a fir de Betriber déi néideg Previsibilitéit ze ginn. Dofir ass d’Resultat vun der Tripartite fir d’DP e grousse Succès, dee wäert dobäi hëllefen, fir eist Land beschtméiglech duerch d’Krisenzäit ze féieren!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...