Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli 2021: Wou stinn eis Gemengen?

Ee Joer nom Héichwaasser vum 14. a 15. Juli huet DP-Deputéiert Carole Hartmann ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot, wéi héich am Ganzen d'Schied um Gemengenniveau waren a wéi vill Gelder schonn un déi jeeweileg Gemengen ausbezuelt gi sinn.

Viru genee engem Joer stounge vill Stéit, Geschäfter a Gemengen uechtert Land virun dem nämmlechte Leed. D’Konsequenz vun aussergewéinlech staarkem an undauerndem Reen war: Chaos am ganze Land; Flëss a Baachen, déi Stroossen a Platzen iwwerschwemmt hunn; net just Kellere mee ganz Haiser, déi bis den 1. Stack ënner Waasser stoungen; Existenzen, déi zerstéiert gi sinn.

An och ëffentlech Infrastrukturen an de Gemenge goufe schro vum Joerhonnerthéichwaasser getraff.

D’Héichwaasser vum 14. a 15. Juli 2021 ass vun der Regierung als «catastrophe et calmité naturelle»  deklaréiert ginn. Doduerch konnt eng finanziell Hëllef vun 100 Milliounen Euro fir betraffe Stéit, Geschäfter a Gemengen deblockéiert ginn.

An deem Kader wollt ech der Madamm Inneminister folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Gemengen hu vum «Formulaire intempéries» gebrauch gemaach ? Sinn entretemps d’Dossieren déi vun de Gemengen un den Inneministère erageschéckt goufen all komplett oder muss nach Dokumentatioun nogereecht ginn?
  2. Huet d’Madamm Minister genee Zuelen, wéi héich am Ganzen d’Schied sinn, déi den Inneministère vun de Gemenge gemellt krut?
  3. Wéi vill vun de geplangten 100 Milliounen Euro kommen de Gemengen ze gutt?
  4. Kann d’Madamm Minister eis soen, wéini a wéi vill Gelder schonn un déi jeeweileg Gemengen ausbezuelt gi sinn? Wéi vill Hëllefsgelder si bis elo nach net un d’Gemengen ausbezuelt ginn a wäerten nach ausbezuelt ginn ?Kënnen di sinistréiert Gemengen och an de kommende Joren nach op di finanziell an administrativ Ënnerstëtzung vum Inniministère bei de Konsequenze vum Héichwaasser zielen?

Äntwert

Bis den 3. August 2022 hu 36 Gemengen an 3 Gemengesyndikater vum «Formulaire intempéries» gebrauch gemaach. De Gesamtschued vun dësen Demandë gëtt op ongeféier 23 Milliounen € geschat. De Gesamtmontant deen dem Gemengesecteur wäert zegutt kommen, hänkt vun de Fraisen of déi net éligibel sinn. Fir éligibel ze sinn, mussen déi ugefroten Entschiedegunge Propriétéite vun de betraffene Gemengen oder Gemengesyndikater concernéieren, fir déi d’Fraise weder vun der Assurance iwwerholl ginn, nach vun anere staatlechen Entitéiten.

12 Demandë konnte bis ewell clôturéiert ginn. Den déclaréierte Schued vun dësen 12 Demandë beleeft sech op 406.000 €. Den Inneministère huet de concernéierte Gemengen 373.000 € (92%) iwwerwisen. 27.000 € si vun der Assurance iwwerholl ginn, wärend 6.000 € aus engem anere Grond net éligibel waren.

Zousätzlech zu de clôturéierten Demandë kruten 2 Gemengen, déi e Schued vu 17 Milliounen € déclaréiert hunn, Avancen an Héicht vun 2,4 Milliounen € iwwerwisen. Dëst sinn d’Gemengen Iechternach a Rouspert-Mompech.

D’Demandë vun 22 Gemengen an 3 Syndikater konnte nach net clôturéiert ginn, well se net komplett sinn (an de meeschte Fäll feele Rechnungen).

Och an Zukunft wäerte sinistréiert Gemengen am Fall vun engem Héichwaasser op d’Ënnerstëtzung vum Inneministère kënnen zielen, dëst awer ënnert der Bedingung, dass dat Héichwaasser dee Moment vun der Regierung als Naturkatastrof déclaréiert gëtt (wéi dat och de Juli 2021 de Fall war) an dass déi betraffe Gemenge bannent engem virgeschriwwenen Délai eng Demande de Remboursement beim Inneministère areechen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...