Een Etablissement public fir d’Bluttspenden ?

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Gérard Schockmel hunn der Gesondheetsministesch Froen zum annoncéierten Etablissement public fir d’Bluttspende gestallt. Déi liberal Deputéiert froen ënnert anerem, ob et net méi sënnvoll wier all d’Fraise vun der Croix-Rouge fir de Service vum Bluttspenden ze iwwerhuelen, amplaz een Etablissement public ze schafen? A wat geschitt mam Espace fir d’Bluttspend, deen am neie Siège vun der Croix-Rouge um Houwald geplangt ass, wann d’ Rout Kräiz de Service vum Bluttspenden net méi iwwerhëlt ?

Fro

„An der Froestonn vum 13. November an der Chamber huet d’Santésministesch gesot, dass d’Bluttspend an Zukunft soll vun engem Etablissement public iwwerholl ginn. Deemno géing d’Croix-Rouge déi Aufgab ofgeholl kréien.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:

  • Ass d’Madamm Minister net och der Meenung, dass d’Bluttspend ee „Core Business“ vum Roude Kräiz ass, an d’Croix-Rouge déi néideg Erfarung a Credibilitéit huet fir dat och weider auszeféieren?
  • D’Croix-Rouge baut den Ament en neie Siège um Houwald. Do ass e groussen Espace virgesi, fir d’Bluttspender nach besser empfänken ze kënnen. Falls d’Croix-Rouge dat net méi sollt maachen, wat soll da mat deem Centre de transfusion sanguine geschéien?
  • Ass d’Madamm Ministesch net och der Meenung, dass d’Regierung éischter misst an d’Richtung goen, all d’Fraisen ze couvréieren, déi bei der Bluttspend ufalen, an domat ze garantéieren, dass d’Croix-Rouge net misst op Spenden zeréckgräife fir dee Service um Bierger?
  • Ass d’Ministesch net och der Meenung, dass vill Bluttspender riskéieren, net méi spenden ze goen, wann net méi d’Croix-Rouge sech dorëms këmmert? Bluttspend ass eng Spend. Mengt d’Ministesch, dass en Etablissement public grad esou vill Leit mobiliséiert kréich?
  • Huet d’Ministesch scho mam Lëtzebuerger Roude Kräiz geschwat, wat ass hier Meenung dozou, dass an Zukunft d’Bluttspend vun engem Etablissement public soll gemaach ginn.“

Äntwert

  • Ass d’Madamm Minister net och der Meenung, dass d’Bluttspend ee „Core Business“ vum Roude Kräizass, an d’Croix-Rouge déi néideg Erfarung a Credibilitéit huet fir dat och weider auszeféieren? 

Jo. 

  • D’Croix-Rouge baut den Ament en neie Siège um Houwald. Do ass e groussen Espace virgesi, fird’Bluttspender nach besser empfänken ze kënnen. Falls d’Croix-Rouge dat net méi sollt maachen, wat soll da mat deem Centre de transfusion sanguine geschéien? 

De Fait datt d‘Aktivitéit als « mission de service public » an de juristesche Kader vun engem établissement public iwwerfouert kéint gin heescht net datt d’Lokalitéiten déi lo virgesi sinn an déi scho wäit am Bau virugeschratt sinn, net kéinten och vum neien eventuellen établissement public fir hir Aktivitéiten an Usproch geholl ginn. 

  • Ass d’Madamm Ministesch net och der Meenung, dass d’Regierung éischter misst an d’Richtung goen,all d’Fraisen ze couvréieren, déi bei der Bluttspend ufalen, an domat ze garantéieren, dass d’Croix-Rouge net misst op Spenden zeréckgräife fir dee Service um Bierger? 

De Problem vun de Frais’en ass net deen eenzegen deen an deem Kader wäert ugeschwat ginn. Am Regierungsprogramm steet: « L’accès au don de sang doit reposer sur le principe de l’évaluation individuelle des risques, quelle que soit l’orientation sexuelle du donneur. Pour mettre fin à la discrimination envers les personnes bisexuelles et homosexuelles, le Gouvernement leur ouvrira la possibilité de donner du sang. » An deem Kader gëtt et zanter laangem Diskussiounen iwwer d’Responsabilitéit vun der Croix-Rouge vis-à-vis vun eventuell ongewollten Incident’en bei Bluttransfusiounen déi nach ëmmer net zur Zefriddenheet gekläert sinn. 

  • Ass d’Ministesch net och der Meenung, dass vill Bluttspender riskéieren, net méi spenden ze goen, wann net méi d’Croix-Rouge sech dorëms këmmert? Bluttspend ass eng Spend. Mengt d’Ministesch, dass en Etablissement public grad esou vill Leit mobiliséiert kréich? 

Déi Froe wäerten an de nächsten Diskussiounsronne sécher ee Sujet sinn an souwuel d’Croix-Rouge selwer wéi och hir Associations de donneurs an all aner Bénévole’en déi ronderëm den CTS am Asaz sinn wäerten an déi Diskussiounen mat agebonne ginn an och hir Plaz an enger eventueller neier juristescher Form fannen. 

  • Huet d’Ministesch scho mam Lëtzebuerger Roude Kräiz geschwat, wat ass hier Meenung dozou, dass an Zukunft d’Bluttspend vun engem Etablissement public soll gemaach ginn. 

Jo, de Sujet ass scho mat de Responsablen ugeduecht ginn. Formal Gespréicher wäerten am Januar ulafen. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Jonker koume wéinst Alkoholkonsum an d’Spidol?

An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch wäert erneiert ginn.

weiderliesen...

Stockage an Distributioun vu Jodpëllen

D’Gemengen hunn d’Aufgab Jodpëllen ze stockéieren an un hir Residenten ze verdeelen. D’DP-Deputéiert Mandy Minella huet bei de concernéierte Ministeren nogefrot, wéi de Stockage vu Jodpëllen aktuell ausgesäit, ob all Resident Jodpëlle proposéiert kritt an ob nees eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn.

weiderliesen...

Nei Raimlechkeete fir d’Maison médicale zu Ettelbréck ?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Maison médicale zu Ettelbréck nei Raimlechkeete wäert kréien. De liberalen Deputéierten huet vun der Gesondheetsministesch Detailer zu den neie Raimlechkeete gefrot a wollt wëssen, ob d’Dokteren aktuell déi néideg Equipementer hu fir all hir Tâchen, och déi administrativ, z’assuréieren.

weiderliesen...