Eis Sécherheet däerf net ofhängeg vun engem President Trump sinn

No senger Victoire am New Hampshire d’lescht Woch ass dem Donald Trump seng Ernennung als republikanesche Präsidentschaftskandidat fir d’Walen am Hierscht just nach eng Formsaach. An Ëmfroe läit hien a wichtege Swing States ewéi Georgia, Arizona oder dem Wisconsin däitlech virum President Joe Biden. 2020 konnt de Biden dës Staaten nach fir sech entscheeden. E Retour vum Trump als US-President ass deemno alles anescht ewéi onméiglech. Als Europäer däerfe mir dat net als Fatalitéit consideréieren, mee mussen eis entspriechend dorobber virbereeden.

Am Verglach zu 2016, wäert den Trump am Fall vun enger Reelection däitlech besser preparéiert sinn. Et wäerten deemno kaum nach Leit a sengem Ëmfeld ginn, déi hien dovunner ofhalen, seng Iddien 1:1 ëmzesetzen. Den Trump huet och wärend senger Presidentschaft ni e Geheimnis draus gemaach, datt hien d’NATO fir iwwerflësseg hält an dës verloosse wëllt. Ëmmer nees huet hien d’Europäer dozou gedrängt, méi an d’Defense z’investéieren an hinnen net ganz zu Onrecht reprochéiert, si géifen hir Engagementer vis-à-vis vun der NATO net anhalen.

2016 hu just véier NATO-Memberen op mannst 2% vun hirem PIB fir d’Defense ausginn; 2023 waren et der ëmmerhi schonns 11. Et geet deemno an déi richteg Richtung, mee wann ee bedenkt, dass eleng d’USA ronn dräi Mol esou vill an d’Defense investéieren, ewéi déi aner 30 NATO-Staaten zesummen, da sinn dës Haussë just eng Drëps op de waarme Steen. Besser gesäit et bei der Militärhëllef fir d’Ukrain aus, wou d’EU an hir Memberlänner d’USA mëttlerweil iwwerholl hunn. Dat läit awer och dorunner, dass d’Republikaner am US-Kongress weider Hëllefe fir d’Ukrain blockéieren. Et brauch deemno keen sech ze erwaarden, datt et ënnert engem President Trump och nëmmen een Dollar Militärhëllef fir d’Ukrain wäert ginn.

Mir als Jonk Demokraten fuerderen, datt Lëtzebuerg säin Engagement géigeniwwer der NATO anhält, fir zwee Prozent vu sengem Revenu national brut an d’Defense z’investéieren. Nëmmen esou ka Lëtzebuerg op der europäescher Bün credibel sinn, wann et ëm d’Sécherheet vun Europa geet. D’EU muss militäresch manner ofhängeg vun den USA ginn, well dës ënnert dem Trump kee fiabele Partner méi sinn. Dem Trump kann et vläicht egal sinn, wa Russland d’Ukrain anhëlt, mee eis Europäer awer sécherlech net.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...