Claude Meisch

D’Lëtzebuerger Sprooch ass de Kär vun eiser Identitéit. Si spillt eng Schlësselroll bei der Vermëttlung vun eiser Kultur, eisen Traditiounen an eiser Geschicht. Als Integratiouns- an als Alldagssprooch dréit si e wesentlechen Deel zur sozialer Kohesioun bäi.

2017 huet de Bildungsminister Claude Meisch eng ëmfaassend Strategie ausgeschafft fir de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwen, ewéi och d’lëtzebuergesch-sproocheg Kultur an d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch ze promouvéieren.

An deem Kader huet den Educatiounsministère zesumme mam Ministère fir d‘Kultur ­den Poste vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch an een Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) geschaaft. Donieft gouf een ambitiéisen 20-Joresplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt. 

Mat der Aféierung vun der méisproocheger Fréifuerderung huet de Minister Claude Meisch scho wärend der leschter Legislaturperiod séchergestallt, datt an alle staatlech ënnerstëtzte Kannerbetreiungsstrukture Lëtzebuergesch geschwat gëtt. D’Kanner ginn domat un d’Lëtzebuergesch erugefouert a gi spilleresch op d’Schoul virbereet. Och d‘Offer u Lëtzebuergesch-Course fir déi Erwuesse gouf vergréissert.

Am Walprogramm 2018-2023 huet d’DP sech kloer fir d’Ëmsetzung vum 20-Joresplang staark gemaach. Nieft dem Bau vun engem „Lëtzebuerg Haus“, well d’DP obligatoresch Lëtzebuergesch-Coursen an de Privatschoulen aféieren an d’Offer u Coursen am Gesondheetssecteur weider auszebauen. Ausserdeem sollen d’Bierger an Zukunft d’Méiglechkeet kréien sech op Lëtzebuergesch un d’EU-Institutiounen z’adresséieren an och eng Äntwert op Lëtzebuergesch ze kréien.

Nieft dëse Punkten, wollt een der Lëtzebuerger Sprooch en Accès an déi virtuell Welt verschafen an dee räiche Wuertschatz als Deel vun eiser Kultur dokumentéieren. A genee hei konnt den DP-gefouerten Educatiounsministère scho villes erreechen!

Den Ausbau vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) a vum Korrekturprogramm Spellchecker war en éischte grousse Succès. De nächste Meilestee gouf duerch d‘Zësammenarbecht mat Microsoft geluecht: d’Wierderlëscht vum LOD gouf nämlech an de Schreifprogramm Word integréiert.

Viru kuerzem dunn de nächste grousse Projet. Am Dezember 2020 huet de Bildungsministère zesumme mam ZLS een Dictionnaire entwéckelt mat ale Lëtzebuerger Wierder, Ausdréck a Spréch, déi riskéieren an de Vergiess ze geroden. Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch“ – esou heescht den éischte Band vun der neier Serie Lëtzebuerger Wuertschatz. Insgesamt sinn 12 Bänn virgesinn. Ee Buch mat Lëtzebuerger Frechheete wéi BlaniDräibiz, an Hännes kéint een sech och nach virstellen.

Dat flott un dësem éischte Buch ass, datt d’Bierger selwer konnte Wierder proposéieren, déi hinnen um Häerz léien an déi hirer Meenung no net vergiess dierfe ginn. Och fir déi nächst Bicher soll d’Aktioun #Wonschwuert nees lancéiert ginn. Nieft der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ huet den ZLS awer och nach Bicher fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sproch erausbruecht ­– „D’Lëtzebuerger Verben“, d‘„Lëtzebuerger Grammatik“ an d‘„Lëtzebuerger Orthografie“.

Den Ament gëtt ausserdeem un enger Anatomie-Kaart mat Lëtzebuergesche Bezeechnunge vu Kierperdeeler geschafft. Déi kéint da spéiderhin an d’Waardesäll oder an d’Praxissen opgehaange ginn, esou de Claude Meisch. Gläichzäiteg gëtt och ee Covid-19 Glossaire mat Lëtzebuergeschen Terminologien iwwer d‘Pandemie entwéckelt. An Zukunft soll dann och nach eng LOD-App op de Marché kommen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...