Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 de Bezierkskongress vun der DP Süde virun engem volle Sall am Beetebuerger Schlass opgemaach. Den Diddelenger Conseiller huet vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier. D’DP ass am Süde vum Land an 23 Gemenge vertrueden.

Als liberal Partei sti mir fir Fräiheet, Verantwortung a Fortschrëtt. Ma dës Wäerter entfalen nëmmen dann hir Wierkung, wa mir se och siichtbar maachen. […] An all Gemeng, an där mir an der Verantwortung sinn, hu mir d’Chance, fir eis Politik gräifbar ze maachen. Well besonnesch do kënne mer weisen, dass eis Politik Léisunge bitt.

D’Carole Hartmann an de Luc Emering hunn hirersäits déi national Tripartite ugeschwat. Fir d’Parteipresidentin ass et wichteg, positiv an déi Gespréicher eranzegoen a mam Koalitiounspartner dofir ze suergen, datt d’Leit an d’Betriber net ze vill duerch déi aktuell Präisdeierecht belaascht ginn. Eng staark Wirtschaft, déi eng staark Sozialpolitik erlaabt, géing weider d’Zil bleiwen.

De Luc Emering huet sengersäits betount, datt d’DP sech ëmmer duerch eng realistesch Approche a Krisenzäiten ausgezeechent huet an net duerch Sloganen. D’DP misst an der Tripartite Léisunge fir jidderee sichen, fir d’Salariat a fir d’Patronat.

Eng Sozialpolitik, déi keen eleng stoe léisst, deem et net esou gutt geet, dat ass sozialliberal DP-Politik, esou de Familljeminister Max Hahn, deen an deem Kontext un den éischten nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut erënnert huet, an deem et virop drëms geet, datt méi Leit méi einfach vun de staatlechen Hëllefe kënne profitéieren, déi ees virgesi sinn.

D’Deputéiert Mandy Minella huet déi Sozialpolitik begréisst, ass awer och op de Schutz vun de Jonken agaangen, méi genee op de gefuerderte Social-Media-Verbuet fir Jonker ënner 16 Joer. Parallel dozou misst een der Jugend eng sportlech a kulturell Offer baussent der Schoul ubidden, déi de Ressortminister Claude Meisch a senger Screen-Life-Balance-Politik maache géing.

D’Deputéiert Barbara Agostino huet um Kongress eng Lanz fir d’Handwierk gebrach, wou de Claude Meisch den Accès däitlech vereinfacht hätt. Och d’Indemnitéit vun de Léiermeedercher a Léierbouwe géing massiv erhéicht ginn, zemol de Staat d’Méikäschten iwwerhëlt. D’DP géing allzäit alles maachen, fir de Jonken den Accès zum Handwierk z’erliichteren. Ween d’Leit an deem ënnerstëtzt, wat si am beschte kënnen, stäerkt och d’Gesellschaft, esou d’Deputéiert.

D’Zesummesetzung vum neie Regionalcomité Süden fënnt een hei.

De Gusty Graas, President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, ass op déi uerg Krise weltwäit agaangen. Krisen, déi eng deelweis Upassung an eng nei Opstellung vun der Europäescher Unioun verlaangen, fir kënnen an enger verännerter Weltuerdnung ze bestoen an net tëschent zwee Bléck ze geroden. Och an der Verdeedegungspolitik, mat engem manner staarken NATO-Engagement vun den USA, misst Europa sech méi onofhängeg organiséieren.

De Claude Meisch iwwerdeems ass op déi zwou grouss Erwaardunge vun de Leit un d’Politik agaangen. Dat wier eemol d’Orientatioun, d.h. wéi een Zil d’Politik verfollegt. Eng Politik, déi keng Angscht dierft maachen, ma Hoffnung a Perspektive bidde misst. D’Sécherheet ass dann déi zweet Sail fir den Educatiouns-, Jugend- a Logementsminister.

Datt mer kee fale loossen. Datt mer jidderee mathuelen. Datt mer kucken, datt déi noutwendeg Transformatiounen, déi och no deenen haitege Krise wäerten um Ordre du jour stoen, esou uginn, datt mer d’Mënsche kënne mathuelen. Datt se et als positiv Transformatioun gesinn, an datt se net iergendzwousch um Bord herno musse stoe bleiwen.

Déi grouss Linnen hätte Lëtzebuerg ëmmer nees staark gemaach. Wann een zesumme gekuckt hätt, wou een zesumme kann erauskommen. Fir de Claude Meisch ass dat d’Zilsetzung, déi och d’Tripartite dominéiere misst.

DP Süden Kongress 2026

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Lutte géint d’Iwwerschëldung, déi ugekënnegt Tripartite an an d’Problemer am Schoulwiesen.

weiderliesen...