Fir den Optakt vun der Tripartite sinn d’Sozialpartner dës Woch zu Senneng zesummekomm. D’Kriseninstrument dréit d’Handschrëft vun der Demokratescher Partei, wéi e Bléck an d’Geschichtsbicher weist.
Pëtrolskris kippt wirtschaftlechen Opschwong
Nom grousse Pëtrolsschock vun 1973 geréit déi weltwäit Ekonomie an Turbulenzen. Och de Stolsecteur brécht an; eleng 1975 geet d’Produktioun ëm méi wéi ee Véirel zeréck. Eng Tendenz, déi och duerno unhält. D’Arbed, déi Zäit ee vun de weltwäit gréisste Produzenten, gëtt awer net just vun enger konjunktureller, ma vun enger struktureller Kris getraff. D’Lëtzebuerger Ekonomie kritt d’Konsequenzen ze spieren. De laange Wirtschaftswuesstem zanter dem Zweete Weltkrich ass gestoppt.
D’Entreprise ass bis Enn der 1960er Joren de Motor vun der Lëtzebuerger Wirtschaft; mat engem groussen Apport zum Staatsbudget an zum Emploi. D’Arbed realiséiert um Héichpunkt vun hirer Geschicht ee Véirel vum PNB a stellt ronn 20 Prozent vun de Beschäftegte vum Land. D’Entreprise sollt bis an dat neit Joerdausend eran déi meeschte Leit beschäftegen. Zejoert wor Arcelor-Mittal awer just nach den aachtgréissten Employeur.
Géigemesurë fir d’Arbed ze retten
Den Drock vu Gewerkschaftssäit Ufank der 1970er Joren ass grouss. De LAV (Lëtzebuerger Aarbechterverband), de Virgänger vum OGBL, mobiliséiert den 9. Oktober 1973 eng 40.000 Leit. Et ass bis haut déi gréissten Demonstratioun zu Lëtzebuerg.
1978 an 1979 konsolidéiert d’Arbed sech op niddregem Niveau. D’Regierung Thorn-Vouel/Berg ënnerstëtzt d’Entreprise mam Gesetz vum 26. Juli 1975, fir konjunkturell Entloossungen ze verhënneren. De Premier Gaston Thorn schwätzt vun enger aussergewéinlecher Äntwert op eng aussergewéinlech Situatioun.
Am Oktober vum nämmlechte Joer gëtt de Konjunkturrot geschaf, dee sech aus Regierung, Patronat a Gewerkschaften zesummesetzt. De Comité soll den Aarbechtsmaart am A behalen a Moossnamen decidéieren, fir Betriber mat Problemer ënnert d’Ärem ze gräifen.
Am Dezember 1976 decidéiert eng Tripartite-Konferenz d’Schafe vun der DAC (Division Anti-Crise). De Staat iwwerhëlt dausende Leit vun der Arbed fir Aarbechten am Betrib selwer, ma och am nationalen Interêt z’iwwerhuelen; Salariéen, déi soss an de Chômage komm wieren. D’Regierung féiert d’Solidaritéitssteier an, fir d’Noutstandsaarbechten ze finanzéieren.

Hei eng Entrevue vum Premier Gaston Thorn a vum Benny Berg (Vizepremier, Aarbechts- a Sozialminister) mat Vertrieder vum deemolegen LAV ( Lëtzebuerger Aarbechterverband , Virgänger vum OGBL). An der Mëtt den LAV-Generalsekretär John Castegnaro, riets de Vizepresident René Hengel.
Gebuert vun der Tripartite
Mam Gesetz vum 24. Dezember 1977 offizialiséiert d’Regierung vun DP an LSAP de Koordinatiounscomité vun der Tripartite, dee bis haut a Krisenzäiten zesummekënnt. D’Gesetz féiert och déi obligatoresch Preretraite mat 57 Jore fir d’Salariéen aus der Stolindustrie an. Leit, déi d’Arbed vu sech aus verloossen oder de Secteur wiesselen, gi finanziell ënnerstëtzt.
D’Tripartite mécht hir Preuven an der Stolkris a gëtt dofir am Laf vun de Joren op déi ganz Wirtschaft applizéiert. De Modell gëtt elo och bei groussen ekonomeschen a sozialen Erausfuerderungen (Inflatioun, Chômage, Index, Statut unique) aktivéiert. Si war dofir laang Zäit de Garant fir soziale Fridden a fir de sougenannte Lëtzebuerger Modell. Esou konnte vill Problemer ouni allze grouss sozial Spannunge geléist ginn.
Och wann d’Tripartite zanter Mëtt vun den Nullerjoren un Afloss verluer huet, well gemeinsam Accorden tëschent den dräi Säite just nach seelen zustane komm sinn, bleift si e wichtegen Atout vum Lëtzebuerger Modell: E Sozialdialog, deen d’DP kloer an däitlech ënnerstëtzt. Zemol de fréiere Premier an haitegen Ausseminister Xavier Bettel huet et mat sengem diplomatesche Geschéck ëmmer erëm fäerdeg bruecht, d’Sozialpartner un een Dësch ze kréien, esou datt den Dialog weider Bestand hat.



