Ëmweltschutz: Manner Konfrontatioun a méi Collaboratioun

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Eng Ëmwelt- a Klimapolitik, déi begeeschtert an d’Leit net nervt, dat war ee vun de remarkabele Sätz vum Premier Luc Frieden d’lescht Woch zum Koalitiounsofkommes. An deem Kontext war ganz dacks vu Proportionalitéit rieds.

Mee wat heescht dat a Bezuch op d’Naturschutz- a Klimapolitik zu Lëtzebuerg?

Vill Leit, queesch duerch d’Land, hunn déi lescht Joren éischter manner gutt Erfarunge mat engem héich komplizéierten Autorisatiouns-Apparat gemeet. Dofir stellt sech d’Fro, ob dat aktuellt Naturschutzgesetz a seng Applikatioun wierklech dat bewierken, wat eis eigentlech misst um Häerz leien: nämlech eis Natur effikass ze schützen, d’Akzeptanz bei de Leit fir e staarken Ëmweltschutz ze stäerken, ouni de Fortschrëtt an anere wichtege Beräicher gefillt onendlech ze blockéieren.

Ob Gemengen, Betriber, Baueren oder Privatleit, de Sujet ass immens seriö. Leider hat een an der lescht awer ëmmer méi den Androck, wéi wann een als Demandeur vun enger Naturschutzautorisatioun éischter an der Sendung Verstehen sie Spaß ukomm wier.

Verhënnerungspolitik, Decisiounen ouni juristesch Basis, éiweg laang Delaien oder iwwerhaapt keng Äntwerten – et war dramatesch. Dat si Fakten, déi sécher kee begeeschteren. Eleng d’Tatsaach, dass d’Verwaltungsgeriicht huet missen agräifen, well bei der Interpretatioun vum Naturschutzgesetz wäit iwwer d’Zil eraus geschoss ginn ass, seet vill aus.

D’Erwaardunge fir e Paradigmewiessel sinn also grouss. D’Klimakris an de Verloscht vun der Biodiversitéit mussen an Zukunft Prioritéit fir d’Politik an d’Zivilgesellschaft hunn.

Ma mir mussen dobäi fir eng Balance suergen. Eng Balance tëschent der Entwécklung vun eisem Land, der Liewensqualitéit an dem Schutz vun der Natur. An dobäi op eng gewësse Proportionalitéit uecht dinn.

Dofir musse mir alleguerte fir e modernen Naturschutz suergen, deen net mat Feindbiller schafft a sech net an onwichtegen Detailer verrennt, ma deen d’Leit mathëlt a sech op déi grouss Ziler vum Naturschutzkonzentréiert.

Wéi eng Form eng Fënster vun engem Haus an der Gréngzon huet, huet z.B. näischt mat Naturschutz ze dinn, geet awer duer, fir eng Autorisatioun refuséiert ze kréien.

Fir en effikassen Naturschutz musse mir zesummeschaffen;  d’Verwaltungen, d’Bierger, d’Betriber an d’Landwirtschaft. Nëmmen esou kënne mir eppes erreechen.

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Nohaltegkeet huet méi wéi just eng Facette; an zwar eng ekonomesch, eng ekologesch an eng sozial, déi alleguerte musse proportional matenaner fonctionéieren.

Wa mir déi Proportioun erëm ronn kréien, dann ass dat gutt fir all Säit. An och an zemol fir d’Harmonie vun eisem Zesummeliewen.

Den Ëmweltschutz zu Lëtzebuerg brauch manner Konfrontatioun a méi Collaboratioun. Et läit an eiser Hand!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...