D’DP war op Ouschterméindeg wéi all Joer um Rendez-vous op der Stater Éimaischen. Vun 10:00 Auer u waren eng Hellewull Vertrieder vu Regierung, Fraktioun a Partei an de Gässelen ënnerwee, fir déi traditionell blo Eeër ze verdeelen. Dobäi goufe si vun de Jonken Demokraten an DP International ënnerstëtzt.
D’Éimaischen huet op en Neits dausende Leit ugelackelt, woubäi dat excellent Wieder säin Deel zum Succès bäigedroen huet. D’Konschthandwierk an déi eenzegaarteg Péckvillercher hunn och d’Touriste begeeschtert, déi op d’Fest luusse komm sinn.
















