Max Hahn

Erausfuerderungen zesumme meeschteren

Dëse Mëttwoch de Moien gëtt de Staatsbudget fir dat nächst Joer an der Chamber virgestallt. Et ass ouni Zweiwel e ganz besonnesche Budget. E Budget, dee kloer am Zeeche vun de ville Krise steet, déi mer am Moment duerchliewen. E Budget, deen och gepräägt ass vun de villen Erausfuerderungen, virun deene mer als Gesellschaft stinn.

Dofir ass et mir als Budgetsrapporter besonnesch wichteg, dass mer als Land net weider auserneendriften an d’Grief an der Gesellschaft sech net weider verdéiwen. Mir mussen dofir suergen, dass Solidaritéit net just en eidelt Wuert ass, mee dass d‘Zesummeliewen zu Lëtzebuerg gestäerkt gëtt. Mir mussen de soziale Fridden an déi sozial Kohäsioun ofsécheren, an dofir suergen, dass et sech hei am Land net just gutt liewe léisst, mee dass mer och besser zesummeliewen.

Mir kënnen déi vill Erausfuerderungen nëmmen all zesumme meeschteren.

A mengem Budgetsrapport wëll ech dowéinst de Schwéierpunkt genee op dëst Thema leeën: Besser zesummeliewen.

Mee wat genee heescht dat?

Déi zwee Joer Pandemie, déi nach ëmmer net ganz eriwwer ass, hunn hir Spueren hannerlooss. Vill Stéit a Betriber spieren de wirtschaftleche Schued, mee och déi mental Gesondheet huet bei ville gelidden. Vill Leit hu sech zréckgezunn an isoléiert.

Elo hu mer de Krich an der Ukrain, eng Energiekris a Präisser, déi eis dovulafen. Sief et bei der Energie, de Materialkäschten oder esouguer de Liewensmëttel. Dobäi kommen de Logementsproblem an de Klimawandel.

Mir mussen verhënneren, dass aus all dëse Krisen, eng sozial Kris gëtt.

„Besser zesummeliewen“ heescht dowéinst méi solidaresch zesummeliewen, méi sozial gerecht, méi engagéiert, méi inklusiv. Et heescht, dass jiddereen, ob jonk oder al, Mann oder Fra, Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, mat oder ouni Behënnerung, seng Plaz an eiser Gesellschaft huet an um gesellschaftleche Liewen soll kënnen deelhuelen.

Donieft gëllt et och de Benevolat weider ze stäerken. Et ass schliisslech den Engagement vu ganz ville Leit, déi eis Uertschaften, eis Clibb an eist gesellschaftlecht Zesummeliewen um Liewen erhalen.

E bessert Zesummeliewe bedeit awer och, eis Gesellschaft méi nohalteg ze gestalten. Mir mussen eis Dierfer a Stied méi resilient maachen, a vun der Geleeënheet profitéieren, d’Liewensqualitéit ze verbesseren. Lokal Kreesleef, méi Gréngs, eng propper a gesond Ëmwelt, si Stéchwierder an deem Kader.

Gläichzäiteg dierf bei der energeetescher Transitioun keen op der Streck bleiwen, mir musse jidderee mathuelen. Et muss verhënnert ginn, dass d’Klima-Fro zu enger sozialer Fro gëtt.

Schliisslech bedeit e bessert Zesummeliewen och besser Zukunftschancen.

Mir brauchen zu Lëtzebuerg eng Wirtschaft déi dréint, déi zukunftsorientéiert ass, an de Leit gutt Aarbechtsplaze bitt. Mir brauchen innovativ Betriber, déi qualitative Wuesstem generéieren. Mir mussen eist Land fit fir d’Zukunft maachen an deene Jonken a manner Jonke Perspektive bidden, fir dass se hiert Liewen a Fräiheet an a Wuelstand liewe kënnen.

Dat kënne mer nëmmen zesummen erreechen. Dat ass méi wichteg wéi jee. Grad elo.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...