Fermeture vun de Postbüroen zu Bauschelt a Rammerech

Virun e puer Joer gouf decidéiert d’Ëffnungszäiten vun de Postbüroen zu Bauschelt a Rammerech ze kierzen. Ufanks 2021 hunn d‘Büroen hir Dieren dunn komplett missen zoumaachen. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt an deem Kader wëssen wat d‘Grënn fir dës Fermeture sinn a wat dës Decisioun fir d’Awunner an d’Entreprise bedeit.

« Il me revient que les bureaux postaux de Boulaide (canton de Wiltz) et de Rambrouch (canton de Redange) ont fermé leurs portes depuis respectivement fin 2020 et début 2021.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Economie :

  • Monsieur le Ministre peut-il présenter les raisons qui motivent ces fermetures imprévues ? La crise sanitaire a-t-elle accéléré la prise de décision en la matière ? N’aurait-il pas été préférable de continuer le modèle de l’ouverture temporaire, tel qu’il avait été adopté il y a quelques années, au lieu de décider une fermeture abrupte et définitive ?
  • Monsieur le Ministre est-il d’avis que la fermeture complète d’un bureau postal comme celui de Rambrouch, chef-lieu d’une commune de plus de 4.500 habitants, est favorable au bon développement d’une région rurale et à la qualité de vie de ses habitants ? Les seuls « Points POST » constituent-ils vraiment une alternative valable pour les bureaux de poste susmentionnés, alors que des administrations communales, des entreprises privées ainsi que de nombreux habitants refusent, pour des raisons de discrétion, d’envoyer leurs lettres recommandées à partir d’un point de vente POST localisé dans un commerce privé ? »

Äntwert

Fir dem Client ee bessere Service kënnen unzebidden, goufen d‘Postbüroen zu Bauschelt a Rammerech duerch zwee „Point POST“ ersat. Ufanks Mee koumen dunn nach 2 PackUp-Statiounen dobäi. Laut dem Wirtschaftsminister wéilt een de Leit soumat ee méi einfachen Zougang op d’Servicer vun der Post, a virun allem méi laang Ëffnungszäiten offréieren. D’Fermeture vun den alen Postbüroen hätt also näischt mat der sanitärer Krise ze dinn. D’Bréifgeheimnis géif ausserdeem alle Verkafsstrukturen vun der Post a gläichem Mooss respektéiert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...