Firwat dëst Joer keng Sensibiliséierungscampagne “Gitt siichtbar”?

An der däischterer Joreszäit ass et wichteg, dass Foussgänger a Vëlosfuerer gutt ze gesi sinn, fir de Risiko vun engem Accident ze reduzéieren. Déi lescht Jore gouf dowéinst eng Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn organiséiert. Well déi dëst Joer awer wéi et schéngt ausfält, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wat d'Grënn heifir sinn.

„Am Hierscht an am Wanter, wann et méi däischter dobausse gëtt, klëmmt och de Risiko, dass et zu Accidenter am Stroosseverkéier kënnt. Besonnesch Foussgänger a Vëlosfuerer sinn an deem Kader enger besonneger Gefor ausgesat, dowéinst ass et wichteg, dass si gutt siichtbar sinn am Stroosseverkéier.

Déi lescht Joren gouf zesumme mat der Sécurité Routière eng Sensibiliséierungscampagne mam Motto „Gitt siichtbar – réflichissez – Sidd opmierksam – regardez“ organiséiert, fir eben d’Foussgänger a Vëlosfuerer drop hinzeweisen, wéi wichteg eng gutt Visibilitéit an der däischterer Joreszäit ass, a gläichzäiteg d’Autosfuerer ze sensibiliséieren gutt opzepassen. Allerdéngs ass eis opgefall, dass dëst Joer bis elo keng sou eng Sensibiliséierungscampagne organiséiert ginn ass.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wat sinn d’Grënn, firwat dëst Joer keng Sensibiliséierungscampagne organiséiert gëtt?
  • Sinn d’Häre Ministeren der Meenung, sou eng Campagne sollt reegelméisseg, am beschten all Joer, organiséiert ginn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...