Wunnen

Firwat profitéieren nëmme wéineg Leit vum Wunngeld?

Nëmme 16% vun den eligibele Stéit froen d'Wunngeld (Subvention loyer) och tatsächlech un. Firwat ass dat sou? Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot.

„D’Zil vum Wunngeld (subvention loyer) ass et, virun allem Stéit mat niddregem Akommes beim Bezuele vun hirem Loyer z’ënnerstëtzen. Fakt ass awer, dass laut Aussoe vum Här Wunnengsbauminister nëmme ronn 16% vun den eligibele Stéit dës Hëllef och ufroen.

An deem Kader wollt ech dem Här Wunnengsbauminister folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Haiser a wéi vill Appartementer sinn aktuell zu Lëtzebuerg verlount? Wéi hunn dës Chifferen iwwer déi lescht fënnef evoluéiert?
  • Zënter der Aféierung vum Wunngeld, wéi vill Stéit hu pro Joer zu Lëtzebuerg eng Wunneng gelount? Wéi vill dovu ware pro Joer eligibel fir d’Wunngeld unzefroen a wéi vill dovunner hunn et effektiv ugefrot?
  • Wéi vill Demande si refuséiert ginn? Wat waren déi heefegst Grënn fir e Refus?
  • Wat sinn dem Här Minister no d’Grënn, firwat sou wéineg Leit d’Wunngeld ufroen?

Äntwert

  1. Wéi vill Haiser a wéi vill Appartementer sinn aktuell zu Lëtzebuerg verlount? Wéi hunn dës Chifferen iwwer déi lescht fënnef Joer evoluéiert?

Laut Schätzunge vun Eurostat op Grond vun der Enquête EU-SILC (2020) gehéieren ongeféier 24,5% vun den Awunner engem Stot un dee seng Wunneng op dem private Marché lount. Heibäi sinn allerdéngs déi Stéit net mat abegraff, déi hir Wunneng zu engem Präis lounen, deen ënnert dem Präis vum Marché ass (Locataire vu soziale Wunnengen, Stéit déi duerch Famill oder Frënn ënnerbruecht sinn, oder Stéit déi duerch hiren Employeur ënnerbruecht sinn etc.). 2020 waren also ongeféier 60 000 Haushalter Locatairen um private Marché.

Den Taux vun de Leit, déi zu engem Stot gehéieren, dee seng Wunneng um private Marché lount, louch 2010 bei 27,6%. Bis 2015 ass dësen Taux bis ob 21,7% gefall fir dono erëm ob 24,5% ze klammen. Dës Variatioun an de Resultater vun den Enquêtë kann zum Deel och op d’Spezifizitéite vun der Enquête zréck ze féiere sinn.

  1. Zënter der Aféierung vum Wunngeld, wéi vill Stéit hu pro Joer zu Lëtzebuerg eng Wunneng gelount? Wéi vill dovu ware pro Joer eligibel fir d’Wunngeld unzefroen a wéi vill dovunner hunn et effektiv ugefrot?

Bei der Aféierung vun der Mietsubventioun am Joer 2016 gouf, opgrond der Etude PSELL-3/EU-SILC de 2013 (LISER, STATEC), geschätzt, dat 18.600 Stéit eligibel wiere fir dës Hëllef.

Den 1ten Januar 2018 goufen awer d’Parametere vun der Hëllef ugepasst an d’Zuel vun de potentielle Beneficiaire gouf ausgedeent ob ronn 33.000 Stéit. Doduerch ass den Undeel vun de Locataire déi potentiell eligibel si fir d’Mietsubventioun vu ronn 35% ob ronn 65% geklomment.

Duerch d’Upassung, déi am Abrëll 2020 a Kraaft getrueden ass, sinn nach eng Kéier ronn 3.400 Stéit zousätzlech eligibel ginn. No dëser Reform vun 2020 wieren ongeféier 63% vun de Stéit déi eligibel sinn, am éischte Quintil vum Liewensstandard, 34% am zweete Quintil.

D’Zuel vun de effektive Beneficiairë huet folgendermoossen evoluéiert:

Joer  Zuel vun den neien UfroënZuel vun de Stéit, déi eng Hëllef ausbezuelt krutenSchätzung vun den eligibele Stéit%
20164.0161.09018.6005,9%
20172.0341.87318.60010,1%
20183.6744.43333.00013,4%
20193.0605.63633.00017,0%
20203.7126.54133.00019,8%
20213.5297.14636.00019,8%

Mëttlerweil hëlt also ronn 1 vu 5 potentielle Beneficiairen d’Mietsubventioun och tatsächlech an Usproch.

  • Wéi vill Demande si refuséiert ginn? Wat waren déi heefegst Grënn fir e Refus?
Joer201620172018201920202021
Zuel vu Refusen1.8171.5721.3056977261.236
Ursaachen      
De Betrag vun der Hëllef war
< 25 Euros/Mount
091826140
D’Akommes gouf net matgedeelt3104435221014591
D’Akommes war ze héich701548395315365497
De Stot krut eng Subvention vum FNS am Kader vum Revis28512293121015
Den Taux d’effort louch ënnert 25%521450277241283293
Aner Ursaachen   29 340
  • Wat sinn dem Här Minister no d’Grënn, firwat sou wéineg Leit d’Wunngeld ufroen?

Den Observatoire de l’Habitat krut vum Ministère den Optrag eng Studie ze maachen fir ze analyséieren a wéi wäit op d’Subventioun vum Loyer zeréckgegraff gëtt, andeems e sech op Fuerschungsaarbechte vum LISER an der Uni Lëtzebuerg baséiert. Dës Studie steet um Aarbechtsprogramm vun 2022 vum Observatoire de l’Habitat. Et sief dobäi awer schonn dorobber higewisen, datt de Phenomen vum “non-recours” ob Hëllefen déi de Leit eigentlech zoustinn net spezifesch ass fir d’Mietsubventioun oder fir Lëtzebuerg. Esouguer bei der vill méi héijer Sozialhëllef vum Revenu d’intégration social an der Belsch ginn d’Schätzungen dovunner aus, dat bis zu 60% vun de Leit dës Hëllef net ufroen, obwuel se Urecht dorobber hätten.[1]


[1] Les Dossiers de la Drees N° 94 • mars 2022, Quantifier le non-recours aux minima sociaux en Europe, Un phénomène d’ampleur qui peine à susciter le débat, par Céline Marc, Mickaël Portela (DREES), Cyrine Hannafi, Rémi Le Gall (ERUDITE, université́ Paris- Est Créteil ; DREES), Antoine Rode (ODENORE/PACTE, université́ Grenoble Alpes) et Stéphanie Laguérodie (CES, université́ Paris 1 Panthéon-Sorbonne)      
https://drees.solidarites-sante.gouv.fr/publications-communique-de-presse/les-dossiers-de-la-drees/quantifier-le-non-recours-aux-minima

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...