Fluoreszent Markéierungen op den Autobunne fir eng besser Verkéierssécherheet?

An Holland ass virun e puer Joer e Pilotprojet gestart ginn, bei deem d'Markéierungen op der Autobunn mat Faarf, déi liicht, opgedroe goufe fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren. Wat ass d'Konklusioun vun deem Projet? Wier dëst och eng Iddi fir zu Lëtzebuerg ëmzesetzen? D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.

« En 2014, le projet pilote « Smart Highway » a été lancé aux Pays-Bas dans le cadre duquel des marquages fluorescents ont été peints sur un tronçon d’autoroute afin d’augmenter la sécurité routière à des endroits faiblement éclairés.

Dans ce contexte nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • Quelles sont les conclusions de ce projet sept ans après son lancement ?
  • Monsieur le Ministre estime-t-il utile de mettre en place des marquages similaires à certains endroits au Luxembourg, par exemple sur des autoroutes ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...