„Mir ass vu besuergte Bierger gesot ginn, datt et de Moment reegelméisseg duerch de Chantier vun der neier Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff (B7) zu geféierleche Manoeuvre am Trafic kënnt – ganz besonnesch, wann de Feierowendverkéier ufänkt.
Sou géifen eng Rei Chauffeuren d’Opfaart- resp. Offaartspueren als Iwwerhuelspuer benotzen, mam Resultat, datt et zu kriteschen Incidente ka kommen.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:
- Ass den Här Minister au courant vun dëse Praktiken? Gi reegelméisseg Kontrolle gemaach?
- Wann net, ass den Här Minister gewëllt, Kontrollen duerchféieren ze loossen, besonnesch zu deene Stonnen, wou den Trafic méi intensiv ass?“