Gefor duerch de Japankiewerlek?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et dem Japankiewerlek zu Lëtzebuerg steet : wat fir Kulture sinn am meeschten a Gefor ? Wat kann een eng Ausbreedung verhënneren a wou kann een sech melden wann een e Japankiewerlek entdeckt?

„ De Japankiewerlek ass eng invasiv Insektenaart, déi zu den 20 sougenannte “prioritäre Schuedorganismen” an Europa zielt. Si kënnen sech enorm séier verbreeden an et besteet de Risiko, datt si Kulture komplett vernichte kéinten. Zanter 2019 gëtt et en EU-Planzegesondheetsrecht dat all Bierger derzou verflicht d’Presenz vun esou engem Kiewerlek ze melden. 

Kierzlech gouf de Japankiewerlek ronderëm Basel entdeckt an et besteet de Risiko, datt en sech och elo an eisem Nopeschland Däitschland verbreet.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Wéi ass de Moment de Wëssensstand an dësem Beräich? Wat fir Kulture gi besonnesch vun dësem Kiewerlek befall? Huet dëse Phänomeen och eppes mam Klimawandel ze dinn?
  2. Sinn d’Baueren an déi aner Acteuren am Beräich Landwirtschaft schonn avertéiert gi fir sech op dëse Problem virzebereeden?
  3. Wat fir eng Planzeschutzmëttel ginn agesat fir d’Ausbreedung vun dësem Kiewerlek a Schach ze halen?
  4. Vu datt eng Meldeflicht zu dësem Kiewerlek besteet, bei wiem muss een sech da melde wann een esou e Kiewerlek entdeckt? Ass an Zukunft geplangt d’Leit iwwert dës Meldeflicht ze informéieren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...