Gemengewalkongress 2023 – No bei dir.

D’Präsenz vun deenen ronn 550 Memberen hunn dee Gemengewalkongress zu engem gellegen Erfolleg gemaach, deen eiser Partei zousätzleche Schwong fir d’Campagne gëtt.

Dee Kongress huet gewisen, datt d’DP zesummen a motivéiert hannert hiren iwwer 630 Kandidate steet. Zesumme wäerte mir esou dofir suergen, datt den 11. Juni e bloe Succès gëtt.

No bei dir. ass de Slogan vun eiser Gemengecampagne. No bei dir., well mir an der Mëtt vun der Gesellschaft verwuerzelt sinn. Well mir déi grouss Erausfuerderunge vum Land a vu senge Gemenge mat Courage an Optimismus uginn. Well d’DP Politik fir d’Leit a mat de Leit mécht. Dat ass eise Commitment fir déi kommend Walen an doriwwer eraus.   

Eise Kaderprogramm fir d’Gemengewale fousst op 4 Pilieren:

  • soziaalt Zesummeliewen;
  • modern Infrastrukturen;
  • nohalteg Energie & Klima;
  • attraktiv Offer un Eenzelhandel an u biergernoen Déngschtleeschtungen.

Dat sinn d’Themen, déi Lëtzebuerg upake muss, fir senge Biergerinnen a Bierger och an Zukunft e gutt Liewen an den Gemengen ze garantéieren. Als Partei vun der Mëtt si mir dofir am beschten opgestallt.

Dat huet eise Premier Xavier Bettel op en Neits mam Accord an der Tripartite gewisen. Duerch d’Aféiere vu Steierkreditter an d’Upassung vun der Steiertabell wäerten d’Leit substantiell entlaascht an hir Kafkraaft nohalteg gestäerkt ginn.

An ebe well d’DP déi Partei ass, déi net fäert fir nei Weeër ze goen, proposéiere mir och innovativ Léisungen. Eise Parteipresident Lex Delles huet d’Iddi vun engem Biergerfong am Logement lancéiert, an deen all Bierger kann investéieren. Och méi kleng Zommen. Dee Fong soll als weideren Hiewel funktionéieren, fir méi finanziell Mëttel fir Wunnraum ze deblockéieren an op deen Niveau ze bréngen, deen eist Land brauch.

Een anere Virschlag ass d’Aféiere vun enger Zort Tiers payant fir staatlech Subventiounen, z.B. bei der Installatioun vun enger Photovoltaik-Anlag. Konkret heescht dat, datt den Handwierksbetrib de Montant vun der staatlecher Subventioun, déi de Client zegutt huet, direkt bei der Rechnung ofhält. Dat ass zilorientéiert Politik, wéi mir se verstinn. Hei sinn nach ee puer Andréck vum Kongress:

DP Gemengewalkongress 2023 - Photobooth

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...