Klimaziler als Kompass, Kafkraaft als Prioritéit

Wéi ech de virleschte Weekend spadséiere gaange sinn, an d’Faarwekleed vun de Beem bewonnert hunn, hätt ech net geduecht, datt mer schonn Ufank November sinn. D’Blieder ware wuel giel, brong, deels rout, ma d’Äscht houngen nach voll dovunner. Obwuel d’Beem ganz vill ënnert dem Summer gelidden hunn an et zanterhier quasi net gereent huet. Mir gesinn also och am Bësch eng Verschibung vun de Joreszäiten. A quitt, datt et eis net all gefält: Mir bräichten e Wanter mat ganz vill Reen a Schnéi, fir eise Buedem, eise Bësch, eis Felder richteg ze nätzen an eis Quellen op d’mannst e bëssen ze fëllen. 

Et ass dofir net vu Muttwëll, datt de Klimaschutz an de Klimawandel am Mëttelpunkt vun der rezenter Rentrée parlementaire vun der DP-Fraktioun stoungen. Zënter 2013 huet d’DP an der Regierung wichteg Decisiounen an deem Beräich op de Wee bruecht. Ech denken dobäi un d’Klimagesetz vun 2020, den nationalen Energie- a Klimaplang, de gratis ëffentlechen Transport, d’Hëllefe fir energeetesch Sanéierungen, Photovoltaik a Wärmepompelen oder de Klimapakt fir d’Gemengen.

D’DP steet voll a ganz hannert deene Mesuren, grad ewéi hannert de Beméiunge fir d’Kafkraaft ze stäerken, d’Inflatioun ze bekämpfen an de Leit an de Stéit eng Previsibilitéit ze bidden. Dofir begréisst eis Partei d’Verlängerung vun den Energiemesuren, wéi d’Regierung an d’Sozialpartner se d’virlescht Woch decidéiert hunn. D’Hëllefe fir Stroum, Gas a Mazout bidden elo en zouverlässege Kader fir déi no Zukunft. Dat beweist, datt den Dialog hei am Land fonctionéiert a konkret Entscheedungen am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger bréngt.

D’Subventionéierung vun Diesel a Bensinn gëtt nëmmen ëm zwee Méint verlängert. Fir d’DP ass déi zäitlech Begrenzung vum Tankrabatt essentiel, well d’Klimaziler mussen eis Prioritéit bleiwen. D’Entlaaschtung bei den Energiekäschte muss Hand an Hand mat enger responsabeler Klimapolitik goen. Fir d’DP steet d’Elektrifizéierung dofir weider am Mëttelpunkt. D’Subventiounen an d’Virfinanzéierung vu Wärmepompelen a Photovoltaik-Anlage bleiwe prioritär. Well mir dierfen eis keng Illusioune maachen; de finanzielle Notze vum Tankrabatt bleift limitéiert, grad ewéi den Effekt op d’Inflatioun. Fir eis virun héijen Energiepräisser ze schützen, gëtt et dofir keng Alternativ zur Energiewend.

D’DP schafft scho méi laang u konkrete Mesuren, fir d’Emissioune vun den Zäregasen an d’Ofhängegkeet vun de fossillen Energien ze reduzéieren. Ganz wichteg ass dobäi déi eegen Energie-Produktioun. Mir setzen eis dofir weider fir accessibel Stroumpräisser an, z.B. duerch Subside bei de Reseauskäschten. Mir begréissen och de Leasing social bei den elektreschen Autoen an zousätzlech Bornen, déi komme sollen. Fir d’DP muss de Switch fir d’Leit an d’Betriber awer bezuelbar bleiwen. Nohalteg an niddreg Stroumpräisser sinn dobäi de Passe-partout um Wee an eng besser Zukunft.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...