D’DP begréisst d’Verlängerung vun den Energiemesuren

D’Demokratesch Partei begréisst d’Eenegung tëschent der Regierung an de Sozialpartner iwwer d’Verlängerung vun den Energiemesuren. Fir d’DP stoungen d’Stäerkung vun der Kafkraaft, d’Ofbremse vun der Inflatioun a méi Previsibilitéit fir d’Privatstéit a fir d’Entreprisen am Mëttelpunkt. D’Resultat weist, datt de Sozialdialog zu Lëtzebuerg funktionéiert a konkret Léisunge bréngt.

D’Hëllefe fir Stroum, Gas a Mazout ginn ëm zwielef Méint verlängert. Si entlaaschten d’Leit an d’Entreprisen däitlech bei hiren Energiekäschten a bidden hinnen en zouverlässege Kader, fir hir Ausgaben an hir wirtschaftlech Aktivitéiten ze plangen.

„Eis war et wichteg, datt sech déi Mesuren am nächste Joer net a Loft opléisen, mee datt d’Leit an d’Betriber weider dovu profitéiere kënnen“, esou d’Parteipresidentin Carole Hartmann.

D’Subventionéierung vun Diesel a Bensinn gëtt dogéint nëmmen ëm zwee Méint verlängert. Fir d’DP ass déi zäitlech Begrenzung vum Tankrabatt essentiell, well d’Klimaziler eng Prioritéit bleiwen. D’Entlaaschtung bei den Energiekäschte muss mat enger verantwortungsvoller Klimapolitik an Aklang stoen. Fir d’DP steet d’Elektrifizéierung weider am Virdergrond. Dofir bleiwen d’Subsiden an d’Virfinanzéierung vu Wärmepompelen a Photovoltaik-Anlage prioritär. Dobäi ass de finanzielle Notze vum Tankrabatt fir d’Leit limitéiert; grad esou wéi d’Ofbremse vun der Inflatioun. Fir d’Biergerinnen an d’Bierger virun héijen Energiepräisser ze schützen, gëtt et fir d’DP keng Alternativ zur Energietransitioun. Eng laangfristeg Verlängerung vum Tankrabatt ass dofir fir d’DP net ubruecht.

Stabilitéit a sozial Kohäsioun sinn an onsécheren Zäite besonnesch wichteg. Den Accord vun haut ass och e Succès vum Lëtzebuerger Modell, wéi d’DP e versteet: Am konstruktiven Austausch iwwerhuelen d’Sozialpartner gemeinsam Verantwortung a fannen Äntwerten am Kompromëss. De Sozialdialog huet domat nees seng Friichte gedroen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...