schwein

Gen-Schwäin aus den USA fir z’iessen?

An den USA huet d'Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet (FDA) kierzlech gentechnesch verännert Schwäi fir déi mënschlech Consommatioun zougelooss. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler froen d'Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister wat si dovunner halen an ob dës Schwäin och an Europa fir d'Medikamentenhirstellung oder an der Liewensmëttelhierstellung dierfe benotzt ginn.

« La Food and Drug Administration (FDA), régulateur de santé américain, vient d’approuver le premier cochon génétiquement modifié pour l’alimentation humaine et les usages médicaux. Le cochon, nommé GalSafe, va pouvoir non seulement être consommé en tant que viande mais aussi être utilisé pour la production de produits pharmaceutiques ou pour la production « d’organes de remplacement ».

Même si le premier objectif est de développer des produits médicaux qui ne produiront pas d’allergies, une commercialisation de la viande de cochon GalSafe pourrait être envisagée prochainement. En tout cas, la FDA a d’ores et déjà certifié que cette viande est propre à la consommation. 

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé et à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural :

– Quel est l’avis de Madame la Ministre concernant l’utilisation de ces cochons à des fins de recherche et de production de médicaments ?

– Est-ce que ces cochons peuvent être utilisés à des fins scientifiques en Europe ?

– Est-ce que des médicaments créés sur base de ce cochon pourront être autorisés sur le marché européen ?

– Quel est l’avis de Monsieur le Ministre concernant l’utilisation de ces cochons au service de l’alimentation humaine ?

– Sachant que l’Union européenne interdit l’élevage d’animaux transgéniques, des produits transformés à base de ces cochons pourraient-ils néanmoins être autorisés sur le marché européen ? »

Äntwert

D’Benotze vu genetesch verännerte Schwäi fir wëssenschaftlech Zwecker ass an der EU net verbueden, allerdéngs ginn et eng Rei Virschrëften, déi mussen agehale gi fir eng deementspriechend Autorisatioun ze kréien. Sou muss z.B. de Projet aus wëssenschaftlecher Siicht justifiéiert sinn. Zu Lëtzebuerg gi keng Schwäi fir wëssenschaftlech Zwecker agesat. Wat d’Medikamenter op Basis vu genetesch manipuléierten Déiere betrëfft, sou kënnen och dës an der EU agesat ginn, soulaang se vun der EMA autoriséiert goufen. Schliisslech misst de Precautiounsprinzip respektéiert ginn, wat d’Iesse vu sou Déieren ugeet. Nieft der Tatsaach, dass d’Liewensmëttelsécherheet garantéiert muss sinn, misst d’Produktioun vu Fleesch vu transgenen Déieren awer och en Interêt par Rapport zu normalem Fleesch duerstellen, ier et als Liewensmëttel kann zougelooss ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...