Gerechtegkeet fir all Elteren

Den Droit de filiation (d’Ofstamungsrecht) definéiert déi juristesch Relatioun tëscht engem Kand a sengen Elteren. Dëse Lien ass d’Fundament fir d’Autorité parentale, den Ënnerhalt an d’Ierfschaftsrechter.

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen dësen Donneschdeg bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn. An deem Kontext huet d’Deputéiert och un e Projet de filiation erënnert, dee schonn iwwer 10 Joer an der Maach ass.

D’Corinne Cahen huet d’Beispill vun enger Fra genannt, déi e Kand huet an elo mat hirer Partnerin iwwer eng Fécondation in vitro Zwillinge kritt. Aktuell muss déi Mamm, déi d’Kand net ausgedroen huet, hiert eegent Kand adoptéieren. Déi Prozedur kann awer eréischt ulafen, wann d’Kand dräi Méint huet. D’Deputéiert huet ënnerstrach, dass dat mat sech bréngt, dass déi Mamm, déi d’Kand net ausdréit, kee Recht op Congé bei der Gebuert huet an och eréischt Congé parental huele kann, wa si d’Kand bis adoptéiert huet. Dat wier net am Interessi vun den Elteren a scho guer net vum Kand, esou d’Corinne Cahen, déi der Ministesch follgend Froe gestallt huet: 

Wou genee sinn d’Aarbechte par Rapport zum Droit de filiation drunn?

Ass et schonn zu Gespréicher mat der Nationaler consultativer Ethikkommissioun komm?

Ass e multidisziplinaresche Conseil geplangt, wéi d’Chamber dat geroden hat?

Ginn et Zuelen, wéi vill esou Fäll et zu Lëtzebuerg déi leschte Jore ginn huet? 

D’Justizministesch huet geäntwert, datt d’Gesetz iwwer d’Reform vun der Filiatioun blockéiert wier, well de Staatsrot gefuerdert hätt, datt et vun engem Bioethikgesetz encadréiert gëtt. D’Gesondheetsministesch géing awer ëmmer nach op en Avis vun der Ethikkommissioun waarden, dee geschwë misst kommen. Bis dohin huet de Justizministère en Expert beoptraagt, fir ze kucken, wat ee schonn ouni Bioethikgesetz ëmsetze kéint. Et géing een och checken, ob et méiglech wier, den Delai fir d’Adoptioun erofzesetzen. Wat d’Congéë betrëfft, géing ee mam Familljeminister Max Hahn kucken, wat op deem Niveau méiglech wier. 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...