Gesondheet a Rettungswiesen

Gesondheet a Rettungswiesen

Gesondheet: e séieren Accès zu enger qualitativ héichwäerteger Medezin

An der Gesondheetspolitik leet d’DP de Fokus op e séieren Accès vun de Patienten zu enger qualitativ héichwäerteger Medezin. Gläichzäiteg huet fir d’DP déi laangfristeg Ofsécherung vum Gesondheets- a Rentesystem déi héchste Prioritéit.

An der aktueller Legislatur huet d’DP sech fir däitlech Verbesserungen am Gesondheetssystem agesat. Am Kader vum neie Spidolsplang huet d’DP beispillsweis fir eng regional flächendeckend Versuergung an eise Spideeler gesuergt. D’Offer u basismedezineschen Déngschter ass ausgebaut ginn. Doriwwer eraus hu mir eis fir e méi staarkt Matsproocherecht vun den Dokteren a vun der Personaldelegatioun an de Verwaltungsréit vun de Kliniken agesat. Opgrond vun héijen Iwwerschëss an der Gesondheetskeess konnten doriwwer eraus d’Leeschtungen am Beräich vun der Zännmedezin ausgebaut ginn.

D’Leeschtunge vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem zielen zu den avantagéiste weltwäit a kënnen sech international weise loossen. D’DP gëtt sech domadder awer net zefridden a wäert de Gesondheetssystem weider verbesseren. Besonnesch bei der Effikassitéit an der Transparenz ass am Gesondheetswiesen nach vill Loft no uewen. E Mangel un Datë bei de Qualitéitsstandarden, mëttelméisseg Qualitéitsdaten an en onverhältnesméisseg héijen administrativen Opwand maachen de Wee hin zu neien, innovativen an besoinsorientéierte Betreiungskonzepter an der Medezin an an der Fleeg méi schwéier. D’DP wäert sech dofir staarkmaachen, datt voll besate Waardezëmmer an der Urgence a méintelaang Waardezäite fir en IRM oder e CT-Scan net méi virkommen.

Opgrond vun der demographescher Entwécklung an enger Liewenserwaardung, déi ëmmer méi an d’Luucht geet, waarden déi nächst Joren nei Erausfuerderungen op d’Gesondheetswiesen. De Gesondheetssystem wäert an Zukunft mat Sécherheet méi staark an Usproch geholl ginn an deemno och méi deier ginn. Fir eng flächendeckend, éischtklasseg Patienteversuergung unzebidden, wäerte mir an Zukunft méi geziilt a méi effikass an eise Gesondheetssystem investéieren. D’DP wäert dofir besonnesch op d’Méiglechkeete vun der Digitaliséierung zeréckgräifen. Ganz nom Motto: „Virsuerg ass déi beschte Medezin“ , wäerte mir däitlech Moyenen an d’Gesondheetspreventioun an an -fërderung investéieren.

Rettungswiesen

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp