Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

D’Grondschoul ass de Spigel vun eiser Gesellschaft. Dozou gehéieren och déi Schüler, déi opfälleg sinn a sech méi schwéier dinn, fir sech an d’Schoulgemeinschaft anzefügen.

Den Educatiounsministère huet den Dispositiv fir an der Schoul op spezifesch Besoinen ze reagéieren zanter 2017 reforméiert an ausgebaut. Ënnert anerem duerch eng massiv Verstäerkung vum Personal, dat an esou Fäll agesat gëtt. Esou goufe bis zejoert méi wéi 1.000 zousätzlech Leit agestallt.

Trotz deenen Efforte steet d’Prise en charge méi wéi jee viru groussen Erausfuerderungen, déi der Entwécklung vun eiser Gesellschaft entspriechen. De Ministère hat dofir Reunioune mat engen 140 Vertrieder vum Secteur a vun den Elteren, fir d’Moossnamen an Zukunft ze verbesseren. Net nëmme fir de Ressortminister Claude Meisch, mee fir all d’Intervenanten an der Schoul ass d’Inklusioun eng permanent Erausfuerderung. Dofir soll de System esou adaptéiert ginn, datt en der gesellschaftlecher Entwécklung beschtméiglech entsprécht.

Den neien Inklusiounsplang soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir de Bedürfnisser vun de Kanner, den Elteren an den Enseignante Rechnung ze droen.

Dofir gëtt an all Schoul eng Kriseprozedur agefouert, fir kënne séier an akute Situatiounen ze reagéieren an d’Sécherheet an de Schoulen ze garantéieren. Gläichzäiteg ginn d’Ressourcen um Terrain verstäerkt, besonnesch duerch méi spezialiséiert Enseignanten (I-EBS) an duerch Assistenten (A-EBS), wat méi eng individuell Betreiung méiglech mécht. D’Zesummenaarbecht tëschent de Schoulen, den Experten an anere Servicer gëtt z.B. duerch lokal Comitéen an duerch eng méi flexibel Interventioun vun den Ekippe verbessert.

Parallel dozou gëtt d’Offer vu spezialiséierte Strukturen ausgebaut a regional méi no un d’Kanner bruecht; fir eng besser Accessibilitéit an eng ugepasste Betreiung. Fir méi fréi op Problemer kënnen ze reagéieren, gëtt grousse Wäert op d’Präventioun geluecht, besonnesch am fréien Alter. Hei gëtt e Pilotprojet am Cycle 1 ausgeschafft, dee d’nächst Joer a 15 Schoule soll lancéiert ginn, a fir d’Beräicher Sproochen, Motorik a sozio-emotional Entwécklung méi Ressourcen zur Verfügung stellt. Fréistens no dräi Joer gëtt dee Projet evaluéiert an dann eventuell allgemeng ageféiert.

Nei Servicer wéi de ONE-Schouldéngscht (OSD) solle Schoul a Famill besser verknäppen an eng méi komplett Ënnerstëtzung garantéieren. De System gëtt och strukturell mat enger Reform vun der nationaler Inklusiounskommissioun verbessert, mat méi Personal a mat enger Reserve fir d’ESEB-Personal.

Den neie Portail www.inclusion-scolaire.lu vereinfacht schliisslech den Accès fir d’Elteren zu de wichtegen Informatiounen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm d’Kooperatiounspolitik, ëm Safeguarding am Sport, ëm Éiwegkeetschemikalie wéi PFAS a villes méi.

weiderliesen...