Pierre Gramegna

Green Finance

Eng Politik vun den nohaltege Finanzen ass wichteg an der Lutte géint de Klimawandel. Eis Strategie ass dofir kloer: Lëtzebuerg riicht seng Finanzplaz dorop aus, datt se de Verflichtungen aus de Paräisser Accorden erfëllt. Gläichzäiteg ginn d’Opportunitéite fir d’Diversifikatioun vun eiser Finanzplaz an dësem Zesummenhang genotzt.

D’Beméiunge vum Finanzminister Pierre Gramegna an dësem Beräich hunn et Lëtzebuerg an deene leschte Joren erméiglecht fir sech als europäesche Virreider bei den nohaltege Finanzen ze positionéieren.

Net méi spéit ewéi mam Budget 2021 (notamment mat der Taxe d’abonnement fir nohalteg Fongen) huet de Finanzminister weidert kloert Zeeche gesat. Mir sinn dat éischt Land an Europa mat engem sougenannte Sustainability Bond Framework. Domadder stelle kloer wat mi ënner nohaltege Finanzenverstinn a gräifen nei EU-Virschrëfte vir. Méi genee setze mir mir hei fréizäiteg déi europäesch Taxonomie ëm, déi kloer Krittäre virgesäit fir all Greenwashing z’evitéieren – d.h. fir sech fälschlecherweis e grénge Mäntelechen ëmzehänken.

Dëst antizipativt Virgoen hëlleft och der Lëtzebuerger Bourse fir hir Positioun als Bourse de prédilection fir nohalteg Finanzen ze festegen.

Doriwwer eraus sinn déi lescht Joren eng sëllegen aner Initiative geholl ginn – notamment d‘Luxembourg Sustainable Finance Roadmap aus dem Joer 2018, déi eis eng kloer Strategie ginn huet. Esou konnt d‘Finanzplaz seng Leaderroll an den nohaltege Finanze stäerken.

Lëtzebuerg huet 2016 bei enger anerer Initiativ – zesumme mat der Europäescher Investitiounsbank – Pionéieraarbecht geleescht, andeems si eng Plattform geschaf hunn, déi de Finanzement vu sougenannte Projets climatiques à fort impact fërdert.

Am Labelling huet d‘Regierung mat hirem Support vu LuxFLAG – enger Agence, déi en europäesche Pionéier am Beräich vum Labelling vun den nohaltege Finanzen ass – bewisen, wéi wichteg hir d‘Transparenz vun den nohaltege Finanzen ass.

D’DP steet zu 100% hannert enger nohalteger Politik, grad eben am Domaine vun de Finanzen – a genee an dësem Sënn wäert de Finanzminister seng Aarbecht weiderféieren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...

Liewen zu Lëtzebuerg muss bezuelbar bleiwen

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Barbara Agostino iwwer d’Volete Famill a Kannerbetreiung vum Mesurëpak vun der Regierung. D’DP-Deputéiert geet op déi modern a sozial Moossnamen an, déi d’Zukunfsperspektiven zu Lëtzebuerg besser maachen – och an zemol fir déi jonk Generatioun.

weiderliesen...