Gusty Graas

Gusty Graas

Süden, Deputéierten, Schäffen

De Gusty Graas ass 1999 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn. A senger parlamentarescher Aarbecht setzt hie sech virun allem fir e besseren Ëmwelt- a Waasserschutz an. De Gusty Graas presidéiert och d’Kommissioun vum ëffentlechen Déngscht. D’Aussepolitik ass eng weider Passioun vum Gusty Graas. Seng Expertise an Erfarung an dësem Beräich beleet hie reegelméisseg am Kader vu Chamberdebatten zu deem Thema. A senger Heemechtsgemeng Beetebuerg ass de Gusty Graas zanter 1988 am Gemengerot. Zanter 2011 ass hien DP-Vertrieder am Schäfferot.

Suivéiert de Gusty Graas an de soziale Medien

Zesumme géint Russland stoen
A senger Tribune libre um Radio schwätzt eisen Deputéierte Gusty Graas iwwert déi russesch Attacke géint d’Ukrain an iwwert d’Mesuren, déi de fräiheetlech gesënnte Länner géint de Regime vum Wladimir Putin zur Verfügung stinn.
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Espresso – Aussepolitesch Deklaratioun

Am neien Espresso schwätzt de Gusty Graas iwwert seng Missioun als Walbeobachter fir d’OSCE bei de leschte Presidentewalen an den USA. Hie geet och op dem Minister Asselborn seng aussepolitesch Erklärung an, a schwätzt iwwert déi transatlantesch Relatiounen, d’Konflikter an Nagorno-Karabakh an am Mëttleren Osten.

Espresso – Aussepolitesch Deklaratioun

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Firwat gouf de Rappel vun Otemgeräter eréicht sou spéit bekannt ?
Am Juli 2021 huet eng Entreprise hir medezinesch Otemgeräter weltwäit zeréckgeruff. Dëse Rappel gouf zu Lëtzebuerg awer eréischt Enn Oktober bekannt. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wien an esou enger Situatioun...