De Guy Arendt ass 2013 eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn a war vun 2015 bis 2018 Staatssekretär am Kulturministère. Um Krautmaart presidéiert hien d’Digitaliséierungskommissioun an ass ë.a Member vun der Budgets- a Finanzkommissioun. Als Affekot ass hien och staark un de Justiz-Projeten interesséiert. D’Reform vun der aktueller Pressehëllef a vum vereelzte Faillitte-Gesetz si weider Prioritéite vum Guy Arendt.